dimanche 1 février 2009

Be'erdeckelen als politescht Argument !

Nach ass et lang bis den 7.Juni, Dag vun de Wahlen: National an
Europawahlen!

Wann an denen aneren EUmemberstaten t'Bedelegong un den Europawahlen
lues me secher emmer méi kleng gett, ass dat zu Letzebuerg net de Fall ,
vu datt mer Wahlpflicht hun, Wahlpflicht fir t'Letzebuerger
versteet sech. Bal an alle Länner wou keng Wahlpflicht ass, geet
manner wi t'Halschend vun de Leit fir Europawahlen wielen. Mir sin also
matt der Belsch un der Spetzt, wat soll dann dorun auszesetzen sin?
Eh bien, seit dem Maastrichter Vertrag hun och t'EUbierger déi an engem
anere EUland liewen t'Recht do mattstemmen ze gon. Néierens ass den Deel
vun EUbierger sou grouss wéi am Grand Duché. Anstatt den Traité integral
unzewenden, d.h. den EUbierger deselwechten Zougang zu dese Wahlen ze
erlaben, benotzt Letzebuerg eng Rei Ausnahmen, sou zwar datt en als
EUauslänner 2 Joer muss hei liewen an sech 3 Méint vrun de Wahlen als
Wieler aschreiwen muss. Bei den EUauslänner loug den Taux de
participation bei
de leschte Wahlen 2004 zu Letzebuerg bei 5% ! Wa mer lo all
Wahlberechtegt -Letzebuerger an Auslänner zesumme rechnen kommen mer vun denen stolzen
bal 100 Prozent op bescheiden 45 % erof. Wann e geseit wéi Politik a
Politiker sech deser Deeg bedeckt halen fir EUbierger ze motive'eren
sech bis den nexten 12. März anzeschreiwen, gett en t'Gefill net lass datt dat se
entweder net bere'ert oder wahrscheinlech souguer arrange'ert. Gewess et
get 2 positiv Ponkten: eng nei Méiglechkett sech anzeschreiwen bis den
12. März an dest Joer schons jeweils en Netletzebuerger als Kandidat op
denen bis elo bekannten Leschten.
Wann en elo en vun denen 200 000 Flyer kuckt, déi gedreckt si gin, un
Gemengen verscheckt gin oder soss verdeelt gin, stellt e fest datt vun
der Fläch vum dépliant 5 Prozent benotzt gin fir ze erklären wat dem
Europaparlament seng Kompetenzen sin a firwat e sollt sech bedeelegen.
Et kennt en zur Feststellong datt déi potentiell Wieler net sérieux
geholl gin. Keng Rieds datt an dem Europaparlament Politik gemat gett,
datt et do önnerschedlech Parteien get, datt de Wieler dorop en Afloss
kann hun:
Schreiwt iech an, git wielen, méi substantiell ass de Message net.
De Message kascht 200 000 euros.
Dat greifbarst wärt woul den Humpen sin den en op déi spezial
Be'ertdeckelen fir Europawahlen stelle kann.
Prost dann, léif Bierger,
mir weisen denen aneren Länner wévill mer eis eng Be'erdeckelscampagne
kaschte loossen a siewt berouegt: alles ass virgesin fir datt méiglechst
wéineg EUauslänner sech aschreiwen!
Kann eng Demokratie houfreg a gesond sin wann emmer méi Bierger vum
demokrateschen
Prozess ausgeschloss gin?

carte blanche 30 Januar 2009
Serge Kollwelter

Aucun commentaire: