mardi 18 mai 2010

Grenziwwerschreidend sozial Meteo

Muer soll et roueg sinn am Grand- Duché : Keng Bäckerei, keng Kantin, kee Restaurant ka muer zu Lëtzebuerg funktionéieren. Kee Bankschalter ass op, ke Privatbus fiert, kee Supermarché kann Dieren opmaachen: 140 000 Grenzgänger bleiwen doheem. Si wellen den Awunner vu Lëtzebuerg weisen wéi et ouni si leeft: eh bien je no der Sproch: rien ne vas plus, oder tote Hose oder och nach: näischt leeft méi!

Dobäi war dach alles sou idyllesch : 140 000 Leit deenen hier Ausbildung Lëtzebuerg näischt kascht huet, 140 000 Leit déi hier Lounsteier zu Lëtzebuerg loossen, si cotise'eren fleisseg fir den ale Leit vun haut hier Pensioun, si bezuelen gleichermoossen an Chômagekeess a kre'en vill manner eraus. 140 000 Aarbechtsplazen déi zum Räichtum vum Groussherzogtum bäidroen. Ëmmerhinn 42% Prozent vun der aktiver Bevëlkerung kennt a geet all Dag. Dat ass bal eng Arbechtsplaz vun 2 !

Hei ans do du mer eis schwe'er well mer mussen Franséisch schwätzen, obschonns mer während 9 Joer Schoulflicht mindestens 1 200 Stonne Franséisch gele'ert hun! Firwat ? fir net mol e Kichelchen op Franséisch bestellen ze kennen ? Ech weess, ech weess; och si missten Lëtzebuergesch le'eren. Och 1 200 Stonnen an sech net trauen es ze schwätzen?

Si kommen net wéinst eisem Klima, et ass dee selwechte wéi bei hinnen, si komme vläicht wéinst onsem sozialen Klima dee besser Léin a Gehälter hiergett.

Wann elo soll gespuert gin, da bei hinnen : keng chèques service souwisou, kee Kannergeld méi no 21, Kilometergeld kippen. Wé wunnt 68,6 km vun der Stad Lëtzebuerg ewech? net de vun Metz, fir hien sinn et nëmmen 60 km, fir vu Klierf an Stad sinn et der 68,6 . Sou kann e Schoss och no hannen lassgoen.

Kéint jo och sinn datt mer léiwer hätten se kéimen op Lëtzebuerg wunnen: déi Didelenger, déi Areler, déi Tre'erer an déi Escher Autobunn hätte bedeitend manner Stau.

Mir géifen natierlech am Handömdre'en 140 000 Logementer bauen. Fro: wouhin, zu wellechem Preis? Loosse mer elo mol nëmmen 1 Kand pro Famill zourechnen: 140 000 Kanner an eise Schoulen: wouhier déi Gebeier huelen, an déi Schoulmeeschteren a Proffen?

Kennt dir de Politiker hiert Sonndesgebiet, och déijéineg déi net bieden: Groussregioun, Groussregioun. Wann se dan vu Méindes bis Freides nees rege'eren, ass dat vergiess.

Wéiss du mech behandels, sou ech dech! och a Krisenzäiten?

Vrun 14 Deeg huet eng Grafik an der geschriwwener Press gewisen datt ronn 1 Millioun Leit sou oder sou vun Lëtzebuerg ofhänken: eng hallef Millioun Awunner an eng Hallef Millioun Familljememberen wouvun 1 zu Lëtzebuerg schafft. Solle mer a Krisenzeiten eng Halschent ewech geheien, wéi verbrauchte Kleeder? an se kuerz duerno nees zreckhoulen, recycléiert, second hand gewëssermoossen?

RTL Carte Blanche 19 Mee 2010 Serge Kollwelter

Aucun commentaire: