lundi 28 novembre 2011

Falsch Message vun der Regierong

Carte blanche RTL serge kollwelter 28 novembre 2011

Virspan

Lëtzebuerg huet wéi souzesoen all Länner vun der Welt Genfer Konventioun ënnerschriwwen. Ons Regierung huet keen Afloss ween Asyl freet, wivill der kommen, nach vun wou se kommen. Dozou carte blanche vum Serge Kollwelter

---------------------------------------

Der Genfer Flüchtlingskonventioun no ass ons Regierung verpflicht bei deenen déi Schutz froen ze ënnersichen, Fall fir Fall, ob se aus politeschen oder reliéisen Ursaachen verfollegt sinn. Ass dat de Fall kréien se Asyl, also Schutz, wann net gin ze ofgewisen, zréckgeschéckt, ausgewisen.
Bis et zur definitiver Decisioun kennt, sou oder esou, sin se legal am Land.
Seit de Kricher am fréieren Jugoslawien vrun 20 Joer woren emmer nees Leit déi sech op Lëtzebuerg op de Wee gemat hun, iwer 1 500 an de Joren 92, 98, 99, 2003 an 2004.
Grouss Zuele vun demandeurs d'asile ass also näischt Neits fir Lëtzebuerg.
Seitdem vrun annerhallwem Joer Visumsflicht fir Bierger aus Serbien opgehuewe gouf, sinn eng ganz Rëtsch Leit vun do heihi komm an hunn Asyl gefrot. Déi meescht vun hinne si Roma, bekanntlech eng villgeploten Minoritéit a ville Balkanlänner.

Hunn déi Leit lo Recht op Schutz ? Déi Fro steet op, et gesäit aus ass wéi wann der vill ofgewise ginn.

Vir eisen Verflichtungen nozekommen gin all Leit an eng Prozedur, dh et gëtt analyséiert op se Recht op Asyl hunn, sou laang gi se logéiert an bekäschtegt.

Datt et net einfach fir de Familljeministère dës Leit ënnerdaach ze bréngen ass eng Tatsaach, datt déi vill Demanden eng Erausfuerderung fir den Immigratiounsministär sinn leit op der Hand.

Wann awer eng Ministesch an t’Medien kloen geet se wéisst net méi wou t’Leit ënnerbréngen, Appeler mécht un Gemengen ouni hinnen en Encadrement vun de Flüchtlingen ze proposéieren, wann e Minister den Asyl-Büro zoumécht well der ze vill kéimen, dann kennt de Message eriwwer datt Regierung iwwerfuerdert ass. Et ass wéi wann et brennt an t’Pompjeeën ginn an Kollektivurlaub gecheckt!

Munnechen Awunner kritt t’Gefill datt Regierung an dëser Fro souzesoen ofdankt : wen ass dan zoustenneg ? Den Bierger mécht sech Loft an de soziale Medien, gestëppelt vun e puer méi oder wéineger brongen Gesellen.

Déi autistesch Regierung stellt sech méintelaang daf op t’Propositiounen vun der ASTI fir Demandeurs d’asile op all Gemengen ze verdeelen an eng table ronde mat alle Betraffenen zesummen ze ruffen. Gemengewahlen stoungen an t’Haus an de Courage war a Vakanz bis nom 9. Oktober.

Et muss en awer och onbedéngt déi geballte Kompetenz vun deenen zoustännegen Servicen ervirsträichen wann et drëm geet am Virfeld Buergermeeschter a Bevëlkerung ze informéieren, respektiv net ze informéieren, datt Flüchtlinge an eng Uertschaft kommen sollen. Bollendorff a Péiteng sinn nëmmen déi rezentst Beispiller. Déi Art a Weis wéi Flüchtlingen offgefärdegt ginn vun de Beamten kennen all déi Bierger bezeien déi ebendem Beamten zum Beispill eng Wunneng fir Flüchtlingen ugebueden hunn.

Sinn sech eis Autoritéiten bewosst wellechen Schued se man am soziale Gefüge vun eiser Gesellschaft, doduerch datt se Angscht eropbeschwieren stat virzebeugen?

Schued dat eng demokratesch legitiméiert Regierung dem Pöbel t’Wuert iwwerléist statt hier elementar Hausaufgab ze man an hire Verpflichtungen nozekommen.

En erwuessent Vollek wéi dat Lëtzebuerger behandelt en anescht !

Mé do gett et jo aner Stemmen, net nemmen déi vun ASTI.

Dem neie Beschof sein éischte Besuch war bei demandeurs d’asile, hellefsbereed Menschen hei an do, Medienberichte déi de Punkt op den i setzen.

Souguer am Familjeministär schéngt an der Teschenzeit de Frang gefall ze sin !



et les commentaires sur le forum de RTL : http://news.rtl.lu/commentaire/carteblanche//162489.html

1 commentaire:

serge kollwelter a dit…

et les commentaires sur le forum de RTL
http://news.rtl.lu/commentaire/carteblanche//162489.html