mardi 27 novembre 2012

61 mol Null ass Null

Carte blanche  RTL 28 November  serge kollwelter

Virspan:

Dëser Deeg gouf den 10. Rapport vum Ombudscomité fir t'Rechter vum Kand virgestallt. De leschten vun der jetzeger Präsidentin . An deem Zesummenhang stellt de Serge Kollwelter t'Fro: Wivill gëtt 61 mol Null? 


Schons 10 Joer gëtt et den Ombudscomité fir t'Rechter vum Kand. A ville Situatiounen konnt Hëllef an Auswee fonnt ginn fir Kanner an Familljen. Et kann en sech de Comité net méi ewech denken. Seng Präsidentin als Spriecherin dervun huet méi wéi eng Kéier t'Fangeren op déi Wonnen  geluet, déi zwar allgemeng bekannt woren, mä einfach ignoréiert goufen. Dobei huet et gedauert a gedauert bis et esou weit koum. T'Kannerrechtskonventioun vun de Vereenten Natiounen datéiert vun 1989, vun New York bis Lëtzebuerg huet et 4 Joer gedauert bis se emgesat gouf, nach mol 9 Joer bis zur Grennung vum ORK.13 Joer also verpufft! Wierklech eng Demonstratioun vun geballtem politeschen Wellen!  E Beispill aus dem éischten Aktivitéitsbericht vum ORK. Vrun 10 Joer gouf ugeprangert datt Mannerjäreger näischt am Prisong verluer hunn. 10 Joer méi spéit gett nach ëmmer keng Alternativ, gett et nach ëmmer Mannerjähreger am Prisong ! Mee eng unité fermée soll nextens zu Dreibuer ageweit gin. 10 Joer a méi, ass dat en Zeechen vun politeschen Wellen? Un iech ze jugéieren! Ombudsstrukturen gewannen un Onofhängegkeet wann se net engem Ministär ënnerstinn, mä dem Parlament, sou wéi dat jo de Fall ass zu Lëtzebuerg fir d'Ombudspersoun fir déi grouss Leit.
De Gebuertsfeeler vum ORK sollt ausgeheelt ginn an dësen Organ och dem Parlament ënnerstallt ginn. Dëst géif e winzegen Changement am Gesetz bedéngen.  Anscheinend hunn vrun 3 Joer all Parteien sech matt esou engem Changement averstan erklärt. Geschitt ass näischt. Kee vun de 60 Deputéierten huet bougéiert, keen huet eng Proposition de loi eragereecht: 60 mol Null! Nu kommen Gesetzesinitiativen haptsechlech souguer praktesch exklusiv vun der Regierongsseit. Vu Säiten vum Familljeministär gouf näischt ënnerholl fir t'Nuebelschnouer zum ORK ofzeschneiden. Nachmol Null. Total vun eiser Rechnung : 60 Legislateuren an eng Ministesch mecht 61. 61 mol Null ass Null. Et muss e sech froen firwat. Angscht vrun engem komplett onofhängegem  Gremium oder Desinteressi un de Kanner an hire Rechter? Ech tippen op dat zweet: Kanner ginn net stemmen, t'Halschent vun hiren Elteren hunn politesch näischt ze soen.Déi 61 kennen also ouni Risiko weider pennen.

Aucun commentaire: