mardi 7 mai 2013

De Geheimdéngscht als Fournisseur fir Folterkniechten


Dëser Deeg geet ëmmer nees vum Geheimdéngscht Rieds, bal am Bommeleeërprozess, bal an der Kontrollkommissioun, bal an der Enquêtekommissioun, ween behält do t'Iwwersiicht ?

Anscheinend ass  schonns en neien Gesetzprojet an der Maach fir den neien Geheimdéngscht. Kennt da keen op t'Iddi  ofzewaarden wat Conclusioune vun der Enquêtekommissioun sinn ?
Gewess si mer jo schonns allerhand gewuer ginn.
Lo ass awer e Volet den t'Enquêtekommissioun net upake wëllt, an zwar den vum Geheimdéngscht sengen Relatiounen a Machenschaften matt friemen Servicer. Hei mengen ech haaptsächlech Servicer aus wéineg fréquentablen Länner. Beispiller gefälleg?  Den faschisteschen Regime a Portugal virun '74 oder Tunesien vum Ben Ali.
Looss mer e konkrete Fall erauspicken, den Här T aus Tunesien. Bei deenen famousen Perquisitiounen vum 31 Mäerz 2003 gouf hien gepëtzt  an no Tunesien ausgewisen. Dat obschonn säin Affekot an Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft déi Lëtzebuerger Regierung op déi Risiken a Geforen  opmierksam gemat hunn, déi op den T do ënnen gewaart hunn. Wat gouf him virgeworf ? Eh bien seng Zougehéieregkeet zu Ennada, enger Bewegung matt islameschen Hannergrond, ze vergläichen matt där Partei déi säit laangem an der Tierkei t'Regierung stellt.  Ennada war DEI Oppositioun zur Diktatur an ass haut Haptregierongspartei.  Déi tunesesch Säit huet demols  e vollen Service ugebueden: als éischt t'Lëtzebuerger iwwerzeegt den T de Folterkniechten am Sonneparadies  auszeliwweren an als zweet ebendes Folter matt alle Mëttelem zum Droen ze bréngen.
Wéi sot de Premier zu mir: den T gouf expulséiert op Grond vun Informatiounen déi nëmmen hien hätt. Dir braucht net ze roden wat dat wuel geheescht huet: vum Geheimdéngscht!
Säin Chrëschtentum huet den Premier domat belued, datt en t'Famill net auserneen gerappt hätt, an Fra a Kand matt ausgewisen huet. Datt duerch Folter a Prisong vum Mann, t'Famill zu Gronn goung ass jo net de Lëtzebuerger hier Schold, dat ass jo do ënnen geschitt?  Wanneggliwt net t'Fro stellen ween se dohin gescheckt huet.
Vun deenen zwanzeg Familljen déi 2003 perquisitionnéiert goufen, gouf net en ugeklot, geschweigs veruerteelt , 2 Familljen goufen indemniséiert wéinst dem brutalen Virgoen vun der Lëtzebuerger Polizei . Déi tunesesch –letzebuerger geheim Zesummenaarbecht  wor also Null, ausser dem T seng Folter.
Mee dat interesséiert ons Enquêtekommissioun net, ween interesséiert et do wann de Folterkniechten Fudder geliwwert get ?
Et schéngt vun der Enquêtekommissioun ze vill verlaangt ze sinn,  ofzeweien wat schlëmm a wat ganz schlëmm ass. Folter schéngt kengeswees gravéierend!
Aen an Ouren zou a weider enquêtéieren !

carte blanche serge kollwelter 6 mee 2013 RTL

Aucun commentaire: