Bonjour - Moien au risque de vous ennuyer avec mes remarques et autres contributions sur ceci et sur cela, allons-y, plongeons dans cette réalité grand ducale ( i.e. Grand-Duché de Luxembourg), partageons et discutons- en ! Serge
lundi 8 juillet 2013
3 mol manner ass méi !
Dem Wieler t'Wuert ginn, klengt gutt.
Wéini dann, ass eng Fro, next Fro: wéi oft?
Op nationalem Plang ass dat all 5 Joer nëmmen de Fall. 5 Joer ass fir ronn t'Halschent vun de Parlamenter weltwäit t'Mooss, fir déi aner Halschent sinn et der 4, an den USA gëtt ganzt Repräsentantenhaus all 2 Joer nei gewielt! Bei de Gemengewalen sinn et heizuland 6 Joer.
Firwat net dem Wieler all 4 Joer t'Wuert ginn, op lokalem an nationalen Plang. Da gëtt gesot sou Perioden wären ze kuerz fir grouss Projet'en ze realiséieren. Sollt dat Argument eppes daachen, misste mer Legislaturperioden vun 20 Joer maachen: dat ass jo wat mer fir Tram an Nationalbibliothéik wuel brauchen. Wann 20 Joer dann duer ginn !
Manner lang Legislaturperioden also!
Zweete Punkt : An engem Kontext wou Inhalter an Alternativen ëmmer manner prägnant sinn an Persounen bis Persounenkult iwwerhand huelen, wär et dréngend noutwendeg neie Wand duerch nei Persounen anzebréngen: 2 bis maximal 3 Perioden fir Ministeren, Deputéierten, Buergermeeschteren an Conseillèren. Eng Dosen Joer der Gesellschaft widmen ass e groussen Opwand. Duerno zréck an eben déi Gesellschaft als Bierger wéi di aner.
Manner lang Volltzeitpolitiker also!
Drëtte Punkt :An onser komplexer Zäit soll den Deputéierten e Vollzeitgesetzgeber sin an e Buergermeeschter och ganz senger Gemeng zu Dengschten stoen. Kann en an deeselwechten 2 mol 100% sei Mann stoen fir 2 Vollzäitplazen? Muss do net eppes dorënner leiden? Komm mer stoppen déi Iwwerlaaschtung an verbesseren t'Liewesqualitéit vun den Députés- maire an erwaarden vun deenen engen an deenen aneren 1 eenzegen Vollzeitjob! Dofir gi se schliesslech gewielt a bezuelt.
Schluss mam Cumul also!
Dräimol gedreemt?
Déi Gewielten sinn op Zäit vum Wieler delegéiert fir a sengem Numm ze handelen, Minister heescht Denger .Weder déi eng nach déi aner hunn an der Demokratie Vocatioun zu enger liewenslänglecher Memberschaft zu enger ofgehouvener Kast missen ze gehéieren.
Zu desen 3 Dreem ass woul neischt ze erwardenvu Säiten vun denen déi elo dobei sin, oder ?
Carte blanche RTL 8 juillet 2013
serge kollwelter
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire
Remarque : Seul un membre de ce blog est autorisé à enregistrer un commentaire.