Et geet ëm Zesummeliewen, souwäit wuel kaum eng Iwwerraschung vu menger Säit .
Matteneen ass wichteg, et ënnerscheed sech vun Nieftenaner.
Dëser Deeg steet dëst am Mëttelpunkt op der Luxexpo.
Hei e puer Uregongen, maacht iech äert Urteel wigl selwer!
Fir desen Event hunn sech méintelaang mindestens 2 , alt méi Associatiounen getraff fir eppes gemeinsames ze maachen an um groussen Fest zum Beschten ze ginn (1). Hei e puer Beispiller: eng brasilianesch Associatioun huet matt Lycéesschüler vu Lëtzebuerg Capoeira geléiert, geüübt. Si wäerten gemeinsam dëse Weekend optrieden. Anert Beispill: eng Lëtzebuerger Chorale mécht gemeinsam matt afrikaneschen Trommler e Concert: dat heescht si hunn méintelaang zesummen geprouft: dobäi koumen och Lëtzebuerger Lidder matt afrikaneschem Rhythmus zu stan. Méi wéi een wärt do staunen. Séiss Patisserie : hm wat e Genoss: servéiert vun ex-Jugoslaven a Marokkaner , wat eng Iwwerraschung kennt do eraus wou en dem aneren seng séiss Spezialitéit geléiert huet machen. Kennt natierlech net vum Himmel gefall, do gouf zesummen gekacht a gebratscht datt Fatzen fléien bis et tip top ass an un de Publikum ka verkaaft ginn.
Mee och matt manner Opwand kennt allerhand zu stan: all Organisatioun déi sech matt enger anerer aus engem aneren Kulturkrees zesummen deet kritt extra Konditiounen (2) :
Dobäi kennt datt all Participant’en am viraus informéiert goufen iwwer déi grouss Rausfuerderung vum kommenden Referendum (3) : op all Stand gëtt drop higewisen a gëtt et Leit déi t'Argumenter kennen (4) , keen Visiteur kennt derlaanscht ze wëssen wourem et geet gouf dach den Event ömgedeeft zum Fest vun der politescher Matbestömmong (5) . Extra ervirgestrach ginn déi Initiativen an gutt Praxis’en vum Zesummeliewen aus dem leschten Joer an matt engem symboleschen Preis belount (6). Déi komplett Transparenz (7), finanziell an organisatoresch ass eng ganz stark Motivatioun hei mattzeman, iwwer sech erauswuessen a matt aneren eppes zesummen ze maachen (faire op franséisch). Wann dann Integratioun eppes ass wat déi Nei an déi Aal betrëfft, dann sinn déi eng an déi aner agebonnen , iwwert Joer fir duerch hier gedeelten Praxis ze weisen datt et méiglech ass zesummen Lëtzebuerg ze gestalten (8) , dat Lëtzebuerg vu muer wat nach méi faarweg ass wéi dat vun haut, an dat 365 Deeg am Joer.
Déi grouss Bedeelegung vun honnerten Vereenegongen schafft och den Appui den den Conseil National pour Etrangers (9) braucht als offizielle porte parole am gesellschaftlechen Débat.
Op dat wat ech iech hei an 9 Punkten beschriwwen hunn Wierklechkeet oder Wonschdenken ass, kennt dir selwer checken!
RTL Carte blanche 13.3.2015 Serge Kollwelter
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire