Carte blanche RTL 9.9.2015
Virspan: Et ass wuel vermessen zur Flüchtlingsfro nach eppes Neits wëllen ze soen. De Serge Kollwelter probéiert an den 3 Minutten vun senger carte blanche e puer Elementer unzepaken.
Wa mir elo an Europa Dausende vun Flüchtlingen aus Syrien gesinn optauchen, dann well et der eng Retsch Milliounen Syrer aus dem Krich an t’Nopeschlänner Türkei, Libanon an Jordanien gepackt hunn. An deenen risegen Flüchtlingslager ass keng Perspektiv, weder en Zréck no Syrien nach en Liewen op Dauer an deene Camp’en. Europa ass do déi nächst Dier. Ok déi lafen vum Krich fort, an déi Leit aus Afrika oder dem Balkan, do ass jo aber ke Krig?
Wéi schnell hu mir vergiess dat virun 150 Joer en Drëttel vun der deemoleger Bevëlkerung vu Lëtezbuerg fortgelaf ass, net wéinst Krich, mee wéinst einfachem Iwwerliewen. Näischt ze räissen an ze bäissen, keng Perspektiven, Hoffnung op e bessert Liewen dat huet nach ëmmer Mënschen derzou bruecht sech op de Wee ze maachen, vum Land an t’Stad, aus Europa an Amerika an haut aus dem Balkan an Afrika no Europa. Mosst dir iech un ze jugéieren wat méi schlëmm ass: Krich a Verfolgung oder Honger an Verzweiwelung?
E kuerzen Bléck op Europa an seng Demographie: lues mee sécher hellt Bevëlkerung net nëmmen of, mee se gëtt ëmmer méi al, Erneierung kennt duerch Awanderung. Lëtzebuerg ass e gutt Beispill matt pro Joer 10 000 Leit méi déi erakommen, wéi der fort ginn. Leider stellen sech ganz vill Politiker an der EU dëser Erausfuerderung net. Anstatt hire Wieler ze soen, datt méi Immigratioun néideg ass, iwwerloossen se de Ratenfänger den Terrain. Des maachen de Leit Angscht virun Iwwerfriemung, Verloscht vun Identitéit, asw.
Statt legal Weeër fir Awanderung, matt Regelen, festzeleeën, gëtt t’Illusioun oprecht erhalen, Grenzen fir Leit aus Drëttstaaten dicht ze maachen. Dat huet nach ni fonctionnéiert a fonctionnéiert och haut net. Fir Grenzen dicht ze maachen huet EU säit dem Joer 2 000 eleng 13 Milliarden € ausginn. Dësen Opwand huet t’Geschäft vun de Schleiser beschleunegt an hier Preiser eropgedriwwen. Et gëtt gerechent datt vun 2 000 bis haut t’Schleiserbanden 16 Milliarden € kasséiert hunn. Resultat: an dem Zäitraum hunn 30 000 Mënschen un de Grenzen an am Mëttelmier hiert Liewe geloos.
Wa mir elo zu Lëtzebuerg weiderhin Flüchtlingen aus Syrien a vun anerwäerts ophuelen, stellt dat Erausfuerderungen un eis Gesellschaft. Déi vill spontan Hëllef déi sech iwwerall ubitt, soll an en Runden Tisch débouchéieren, wou all Akteuren: offizieller, associativer an individueller agebonnen ginn fir esou méiglechst efficace kennen ze sinn.
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire