mercredi 4 novembre 2015

Eng dauerhaft Erausfuerderong

Virspan:
Wéini de Krich a Syrien eriwwer ass, wéi vill Flüchtlingen nach an Europa an och op Lëtzebuerg kommen weess keen. Domat bleiwwt fir den Serge Kollwelter t’Fro wéi mir eis op Dauer heirobber astellen.

Eng dauerhaft Erausfuerderong

Fir  déi Mënschen déi vun Krich a Misär fortlafen an op Lëtzebuerg kommen, méicht eis Regierung grouss Effort’en, souwuel wat den Accueil ubelaangt wéi och wat eng europäesch Äntwert betrëfft.
Och wa mir bis Oktober eppes méi wéi hallef  souvill demandeurs de protection internationale hunn wéi an Joeren 2011 an 2012 an bei wäitem net esou vill wéi déi 3 000 aus dem Joer 1999 muss en dach ënnersträichen datt Regierung  sech  serieux preparéiert.

An der Bevëlkerung gëtt et eng grouss Hëllefsbereetschaft. Hei ass d’Regierung gefuerdert des Benevolen ze encouragéieren, ze coordinéieren. Telefonshelpline ass eng gutt Saach. Mä och inhaltlech ass méi gefrot: firwat net eng Internetsäit, och fir op déi eventuell Aengschten an der Bevëlkerung anzegoen, e Forum wo Bierger sech artikuléieren. Flucht a Migratioun mussen an de Lycéeën opgeschafft ginn.
Et ass bemierkenswärt wéi t’Press sech dem Thema unhëlt.
An dach feelt Eppes wat noutwendeg ass vir den Referendumssyndrom vun den Gutmenschen ze evitéieren an zwar e Ronnen Dësch wou Regierung an Oppositioun, Syvicol, Gewerkschaften a Patronat, Zivilgesellschaft a reliéis Communautéiten sech zesummen fannen fir den indispensabelen  Konsens ze stäerken an him en dauerhaften Charakter ginn. Hei geet et drëm Memberen vun de Parteien, Gewerkschaften, Patronat, asw ze stäerken matt Argumenter, absoluter Transparenz an dem Agestoen - wat fir Politik net esou einfach ass- datt een net Äntwert op all Froen huet, dass mir als Lëtzebuerg op Munneches keen Afloss hunn. CSV ass an dem Ronnen Dësch indispensabel.

Sympathie hellt mat der Zäit of, Ratefänger gëtt et och bei ons!

Datt e groussen Effort op schnell Integratioun vun de Flüchtlingen geluet gett ass eng gud Saach. Mir hunn zu Lëtzebuerg bis elo haaptsächlech bei allen Neien - op Flüchtlingen oder Migranten - méi op Zäit gezielt - datt mécht sech schonns vum selwen - ass wéi op eng explizit  Integratiounspolitik. Dé bescheidenen Contrat d’accueil et d’intégratioun ass e gud Beispill.
Hei leit eng grouss Erausfuerderung fir eis Gesellschaft. Nieft 1 000 oder 2 000 Flüchtlingen t’Joer hu mer en Zouwuess vun 10 000 neien Awunner t’Joer. Och hei ass - manner spektakulär mä ëmsou méi  dauerhaft - eng méi explizit Politik gefrot.

A schließlich ass t’Akzeptanz vun Integratiounspolitiken och eng Fro, wéi  mer Awunner matt klengem  Akommes fair behandelen. Anstatt TVA erhéigong, muss et och fir si besser Chancen an der Schoul an um Wunnengsmaart ginn.

carte blanche RTL 4.11.2015 

Aucun commentaire: