jeudi 11 février 2016

Mir wëllen vir eis halen wat mir hunn!

Virspan:

A senger carte blanche kennt de Serge Kollwelter op de Referendum vun leschten Juni zréck. Hie mengt e puer Nieweneffekter ervirsträichen ze mussen, déi weit iwwer t’Wahlrecht eraus ginn.

Mir wëllen vir eis halen wat mir hunn!

De Referendum vu leschtem Joer schéngt vergiess ze sinn, t’Awunnerwahlrecht ass wuel fir Joerzéngten fort vum Radar.

Dat eendeitegt Resultat vum Referendum seet awer och eppes aus iwwer 2 grondsätzlech Uleies, och wann se net esou um Wahlziedel stoungen: onse Schoulsystem an onse Wunnengsmaart.

Déi Verantwortlech vun souzesoen alle Parteien hu weder matt dem engen nach dem aneren Schwieregkeeten: si hunn reusséiert an der Schoul a wunnen an hiren eegenen 4 Wänn. Déi Spëtzeleit aus der Wirtschaft déi op Lëtzebuerg ugelackelt ginn hunn keng Schwieregkeet matt héijen Loyer’en: hier Firmen bezuelen hinnen se. Hier Kanner ginn an internationalen, privaten oder Europaschoulen vum Integratiounsparcours verschount.

Den Neen ass e kloren Message fir a béide Gebidder näischt Grondsätzleches ze änneren. E Schoulsystem den déi bestehend Elitten reproduzéiert an e Wunnengsmaart den duerch horrend Terrainspräisser fir ëmmer méi Leit ëmmer méi onerschwenglech gëtt zum Profit vun enger Minoritéit. Grondbesëtzer gëtt et an alle Parteien doraus entsteet eng Zort Garantie datt aus Gras Gold ze maachen ass wann dat Grass an de Bauperimeter kennt. Keng Plafonge vun Terrainspräisser a Siicht méi Pléischteren an Plooschteren als Wunnengspolitik verkafen!

Wann e gesäit wéi déijéineg déi fir de JO waren dat ouni Iwwerzeegung gemat hunn, wann Parteien, Gewerkschaften an aneren gesellschaftlechen Gruppen déi fir de JO agetrueden sinn, da wor dat e JO fir de Prinzip, mee en NEEN zu sämtlechen Aennerongen  déi en à terme a potentiell hätt kenne matt sech bréngen a Schoul an Bauterrain.

Méi déi Rechnung geet net ganz op, iergendwéi gouf hei e Selbstgol geschoss: esouguer vill Wieler déi keng Ierfschaft gemat hunn oder wäerten kréien, kennen sech kaum nach eng Wunneng kafen oder bauen.
Den onflexibelen Schoulsystem verbarrikadéiert den Kanner a Jugendlechen aus méi schwaachem sozialem Ëmfeld all Promotioun, all Verbesserung op der sozialer Leeder.

Dobäi sinn et déi Kanner aus onser ëffentlecher Schoul - op Lëtzebuerger oder Auslänner - déi zum allergréissten Deel hier Zukunft zu Lëtzebuerg envisagéieren, am Contraire zu den EU Beamten an Wirtschaftskapitänen hire Sprösslingen. An der ëffentlecher Schoul geet et ëm sozial Kohäsioun zumindest bis zum Iwwergang Fondamental - Lycée. Do ass Schluss matt lustig: hei déi « Gud » am Classique an déi  Schwaach am technique fir datt déi Gud uewe bleiwen an déi Schwaach ënnen.

Mee ass dat verwonnerlech an enger Gesellschaft déi hiert Schicksal deenen Alen an de Staatsbeamten uvertraut . Hei kommen noutgedrongener Weis déi Jonk zum Kierzten!

Carte blanche 12.2.2016  serge kollwelter

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire

Remarque : Seul un membre de ce blog est autorisé à enregistrer un commentaire.