Bonjour - Moien au risque de vous ennuyer avec mes remarques et autres contributions sur ceci et sur cela, allons-y, plongeons dans cette réalité grand ducale ( i.e. Grand-Duché de Luxembourg), partageons et discutons- en ! Serge
vendredi 30 mars 2012
Regierongsschlamperei
Mir hunn e fusch neien Centre de rétention zu Lëtzebuerg. Och wann Leit hei agespaart sinn, ass et kee Prisong: hei setzen keng Kriminell.
An der Regel sinn dreierlee Leit hei agespaart: zum engen Leit déi net déi richteg Pabeieren hunn, dh Drettstaatler déi zu Lëtzebuerg sinn ouni Openthaltsgenehmegung, sougenannten sans papiers. Zweete Grupp si Persounen déi definitiv den Asyl verweigert krit hunn a wou de Lëtzebuerger Staat se well zwangsweis an hiert Land zeréckbréngen. En drëtte Grupp sinn déi Leit déi hier Prisongsstrof ofgesat hunn: si goufen wéinst dësem oder deem rechtméisseg veruerteelt an sinn oft bis de leschten Dag am Prisong bliwwen. Dir kennt et aus de Filmer: de Gefaangenen moolt Strécher op t'Mauer vun senger Zell an zielt Dag fir Dag of, wéini seng Prisongsstrof fäerdeg ass, wéini en aus dem Prisong kennt, wéini e quitte ass mat der Gesellschaft, wéini en neit Liewen - dobaussen - fir hien ufänkt. Handelt et sech ëm Leit aus Drëttstaaten déi weider keng Bindungen u Lëtzebuerg hunn, wärt Regierung eventuell wëlles hunn déi Leit ausser Land ze bréngen. Och der Regierung, en l'occurence dem Justizministère ass den Termin bekannt wou eng Persoun mat hirer Strof fäerdeg ass.
Matt e beschen gesonde Mënscheverstand kéim en op t'Iddi datt t'Preparativen fir e sou en Retour forcé géifen ugepaakt gin fir datt mam leschten Dag Fräiheetsstrof de Retour kann agelaut ginn. Weit gefeelt! Deen scheinbar leschten Dag, ass just de leschten Dag zu Schrasseg, mee fléisst ouni Ënnerbriechung weider an en neien Enfermement des Kéier am Centre de rétention um Findel. Déi betreffend Persoun empfönd dat natierlech wéi eng zousätzlech Strof, des Kéier sou wéi déi aner Leit am Centre de Rétention ouni sech eppes zu Schold komme gelooss ze hun ausser datt en keng Pabeieren huet déi en règle sin. Firwat? Loos mer kucken ween heifir zoustänneg ass: fir de Prisong ass de Justizministère zoustänneg, fir t'Leit ausser Land ze bréngen den Immigratiouns- oder an dësem Fall besser Emigratiounsministère. Tëscht béiden leeft näischt an dësem Gebitt, woubäi e jo awer dierft bemierken datt déi 2 Ministeren därselwechter Regierung ugehéieren, oder ? Vru kuerzem huet den Menscherechtskommissar vum Europarot nach heirop higewisen: hie wärt wuel och vertréischt gi sinn wéi all déi déi an deenen leschte Joeren an Deeg vertréischt gin sinn, déi Zesummenarbecht géif dach klappen. Se klappt sougutt datt de Moment 80% vun de Leit déi am Centre de rétention sin, do nom Prisong eng 2. Stroof ofsetzen an dat nëmmen aus der Ursach well Funkstille tëschent deenen 2 Ministèren herrscht.
Här Finanzminister, aus ärem viregte Liewen als Justizminister misst der déi Situatioun theoretesch kennen an hei agräifen, fir kenne ze spueren. 80% onsenneg a keschteverursachend Agespaartener dank Regierongsschlamperei . Abbe merci!
Carte blanche Serge Kollwelter 4. Abröll 2012
Inscription à :
Publier les commentaires (Atom)
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire