Bonjour - Moien au risque de vous ennuyer avec mes remarques et autres contributions sur ceci et sur cela, allons-y, plongeons dans cette réalité grand ducale ( i.e. Grand-Duché de Luxembourg), partageons et discutons- en ! Serge
samedi 16 juin 2012
Ganzdagsschoul haut schonns ?
Laang schonns ass vun Ganzdagsschoul rieds, op enger Rei Platzen gëtt et se och ausdrécklech, als Konzept an als Realitéit.
Mee wär se net mat e besche politeschen Wellen an ouni zousätzlech Mëttelem quasi iwwerall ze man ?
Wa mer eis t'Situatioun an der Primär-, pardon Grondschoul, ukucken ass am Fong schonns villes méi prêt à l'usage wéi dat op den éischten Abléck ausgesäit.
Des Schoul ass engerseits obligatoresch a grad esou obligatoresch muss all Gemeng eng Betreiungsstruktur, gewéinlech maison relais genannt, ubidden.
Ziele mer déi 2 Strukturen reng arithmetesch zesummen, si mer bei enger Zort Ganzdagsschoul oder Ganzdagsbetreiong.
An anere Wierder: vill Kanner sinn de ganzen Dag iwwer en charge geholl, fir de formellen Unterrecht an der Schoul, fir eng informell Erzéiung an der Maison relais. Also alles paletti, oder ?
Alles paletti wann et drem geet t'Kanner ze versuergen, alles awer och derwäert vu méi no ze kucken wéi et mat Inhalter, Konzepter, Zesummenaarbecht steet. Iert mer hei weider fueren, muss e just soen datt e formidabelen Effort gemat gouf fir a kuerzer Zäit landeswäit maison relais aus dem Buedem ze stampfen. Wéi sou oft hei am Land, si mir gud fir Bëtong an Infrastrukturen ze géissen a vergiessen oft ze präziséieren wat bannent de Maueren geschéien soll. Sou bei den maison relais. Wichteg ass festzestellen datt elo - mat Verspéidung, mee ëmmerhin - iwwer Inhalter, Qualitéit an Zesummenaarbecht geschwat a legiferéiert gëtt. Eng Rëtsch Gesetzer an Règlements Grand Ducaux stin an t'Haus an dat soll hei ausdrecklech ervirgehuewe gin.
Et ass also de Moment doriwwer ze schwätzen: et wär super wann Schoul an Maison relais géifen strukturell zesummeschaffen, net fir allebéid dat selwecht ze man, mee fir matt ennerscheedleche Mëttelem an an ennerscheedlechem Kontext mat denen selwechte Kanner ze schaffen. Teamgeescht ass hei gefuerdert, tëscht Educateur'en an Enseignant'en, vu datt béid pour l'essentiel um selwechte Campus zu Walfer ausgebilt gin, misst dat schonn an der Formatioun dran sinn. Formell bleiwen nach Froen, well déi eng an déi aner verschidde Patron'en hun: hei Erzéiongsministär, do Gemengen oder asbl'en. Dat mécht Zesummeschaffen net méi einfach. Gudde Wellen kann hei béide Säiten hellefen iwwer hiere Schied ze sprangen, gemeinsam Formatioun kann och derzou bäidroen. Sou wéi Elteren am Schoulcomitee vertruede sin, sollten och Erzéier aus der Maison relais dra sin. Gett Schoul Hausaufgaben, ass t'Maison relais sou oder esou hei gefuerdert.
Wann t'Maison relais hiere Virdeel vum Informellen richteg notzt, wärt si et liicht hun Elteren matt erunzezéien an des och iwwer dee Wee méi un der Schoul selwer ze interesséieren, sou kenne Elteren iwwer hier Kanner matt agebonnen ginn, sou kann Schoul a maison relais matt Elteren emol am Trimester Samschdes eng gemeinsam starten, asw, asf.
An dësem Fall wär 1 + 1 méi wi 2: eng strukturell Zesummenaarbecht tëscht Schoul a maison relais kann hei e qualitative Sprong bedeiten.
Carte blanche RTL 18 Juni 2012 Serge Kollwelter
Inscription à :
Publier les commentaires (Atom)
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire