Commentaire:
Marc Linster, 6 Januar 2005 RTL
Radio Lëtzebuerg
_________________________________
Et ass zimlech moer, wat der
Madame Reding an dem Här Biltgen un Argumenter agefall ass, fir
d'Openthaltsgeneemegung vun der philippinescher Haushälterin vun der Koppel
Zois-Reding ze justifiéieren... Formalrechtlech gesi kann een dem Minister a
senger Parteikollegin zwar näischt direkt virwäerfen, mä déi ganz Saach sténkt
dach géint Himmel.
Et huet jo och zimlech laang
gedauert, bis de Fränz Biltgen seng komplizéiert Äntwert fäerdeg hat...
ëmmerhin hat de Feierkrop d'Nouvelle schonn am Dezember lancéiert.
D'Argumentatioun vum Minister
an der Kommissärin hippt gläich op e puer Féiss: esou heescht et vu béide
Säiten, d'Madame Reding hätt guer näischt mat de ganzen Démarchen ze dinn... et
wier hire Mann, den Här Zois, dee sech em d'Saach bekëmmert hätt an hien hätt
d'philippinesch Mod engagéiert. Formal gesinn ass dat méiglecherweis esou, mä
ech ka mer dach net virstellen, dass et keng Kommunikatioun am Stot Zois-Reding
gëtt. An ech huele jo staark un, dass d'Viviane Reding och vun hirer
Haushälterin profitéiert, och wa se d'Woch iwwer zu Bréissel ass. Dës ganz
Argumentatioun ass zimlech schwaach... ech explizéiere mech:
Wann ech en Installateur
engagéiere fir eist Buedzëmmer ze renovéieren an déi Leit, déi mat mir am Stot
wunnen och vun den Installatioune profitéieren, da kënne se wuel kaum
behaapten, et wier mäi Buedzëmmer.
Mä och déi aner Explicatioun
vun der Madame Reding an dem Här Biltgen iwwerzeegt mech net: do heescht et jo,
de Mann vum Viviane Reding hätt keng Haushälterin um europäesche Marché fonnt.
Dat kann dach net sinn: ech mengen, et huet just um gudde Wëlle gefeelt, well
ech hunn ouni Problem en Internet-Site fonnt, wou Haushälterinnen hiren Déngscht
offréieren: www.hauspersonalagentur.de Alleng op dem Site ginn et 408
Persounen, déi an Däitschland eng Plaz als Haushälterin sichen. Dobäi sinn der
och, deenen et ganz egal ass, wou se wunnen a schaffen. Soll de Ménage
Zois-Reding dat wierklech net gewosst hunn?
Och zu Lëtzebuerg ginn et Leit
déi prett si géint Kascht a Logis - wéi den Här Biltgen dat nennt - ze
schaffen. Ech denken do zum Beispill u Persounen, déi ganz an engem frieme Stot
matwunne fir eeler oder krank Leit ze betreien.
Firwat muss et also grad déi
philippinesch Mod sinn?
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire