Carte blanche RTL 28 November serge kollwelter
Virspan:
Dëser Deeg gouf den 10. Rapport vum
Ombudscomité fir t'Rechter vum Kand virgestallt. De leschten vun
der jetzeger Präsidentin . An deem Zesummenhang stellt de Serge
Kollwelter t'Fro: Wivill
gëtt 61 mol Null?
Schons 10 Joer gëtt et den
Ombudscomité fir t'Rechter vum Kand. A ville Situatiounen konnt
Hëllef an Auswee fonnt ginn fir Kanner an Familljen. Et kann en
sech de Comité net méi ewech denken. Seng Präsidentin als
Spriecherin dervun huet méi wéi eng Kéier t'Fangeren op déi
Wonnen geluet, déi zwar allgemeng bekannt woren, mä einfach
ignoréiert goufen. Dobei huet et gedauert a gedauert bis et esou
weit koum. T'Kannerrechtskonventioun vun de Vereenten Natiounen
datéiert vun 1989, vun New
York bis Lëtzebuerg
huet et 4 Joer gedauert bis se emgesat gouf, nach mol 9 Joer bis
zur Grennung vum ORK.13
Joer also verpufft! Wierklech eng Demonstratioun vun geballtem politeschen
Wellen! E Beispill aus dem éischten Aktivitéitsbericht vum ORK. Vrun 10 Joer gouf
ugeprangert datt Mannerjäreger näischt am Prisong verluer hunn.
10 Joer méi spéit gett nach ëmmer keng Alternativ, gett et nach
ëmmer Mannerjähreger am Prisong ! Mee eng unité fermée soll nextens zu Dreibuer ageweit gin. 10 Joer a méi, ass
dat en Zeechen vun politeschen Wellen? Un iech ze jugéieren! Ombudsstrukturen
gewannen un Onofhängegkeet wann se net engem Ministär
ënnerstinn, mä dem Parlament, sou wéi dat jo de Fall ass zu
Lëtzebuerg fir d'Ombudspersoun
fir déi grouss Leit.
De Gebuertsfeeler vum ORK sollt ausgeheelt
ginn an dësen Organ och dem Parlament ënnerstallt ginn. Dëst
géif e winzegen Changement am Gesetz bedéngen. Anscheinend hunn
vrun 3 Joer all Parteien sech matt esou engem Changement
averstan erklärt. Geschitt ass näischt. Kee vun de 60
Deputéierten huet bougéiert, keen huet eng Proposition de loi eragereecht: 60 mol
Null! Nu kommen Gesetzesinitiativen haptsechlech souguer
praktesch exklusiv vun der Regierongsseit. Vu Säiten vum
Familljeministär gouf näischt ënnerholl fir t'Nuebelschnouer zum
ORK ofzeschneiden. Nachmol Null. Total vun
eiser Rechnung : 60 Legislateuren an eng Ministesch mecht 61. 61
mol Null ass Null. Et muss e sech froen firwat. Angscht vrun
engem komplett onofhängegem Gremium oder Desinteressi un de
Kanner an hire Rechter? Ech tippen op dat zweet: Kanner ginn net
stemmen, t'Halschent vun hiren Elteren hunn politesch näischt ze
soen.Déi 61 kennen also ouni Risiko weider pennen.
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire