carte
blanche 6. Dezember 2013 serge kollwelter
Virspan:
Haut op Niklosdag wennt sech de Serge Kollwelter un de Kleeschen, respektiv seng Helfershelfer an der Regierung am Integratiounsbereich.
Léiwe Kleeschen,
An deenen leschten Deeg hues de schonns dësem an deem eppes an de Schong geluet. Onerwaart krute mer all schonn vrun Niklosdag e fënnef Joreskado.
Ech hunn gesinn, léiwe Kleeschen, dass du eng kleng Rutt fir den OLAI op Säit 131 virgesin hues! Dem Office Luxembourgeois pour l’Accueil et l’intégration senger Aarbecht steet e Bilan an t’Haus. Dat ass wuel net iwwerdriwwen.
T'Integratiounsgesetz vun 2008 ass wéi e frommen Katalog. Am meeschten Konkretes gëtt et do punkto Personalausstattong vum OLAI; dëst gouf bannen 5 Joer verduebelt.
t’Gesetz hellt nach fest datt Integratioun a béiden Richtungen stattfënnt.

En
Openeen zougoen gewëssermoossen vu Lëtzebuerger an Netlëtzebuerger.
Dem OLAI kennt dobäi eng wichteg Roll zou. Mee Integratioun fënnt jo och anerwäerts statt: an der Schoul, am Sport, an der Kultur, an de Gemengen, eng horizontal Approche also.
Desem Opdrag gett den OLAI nemmen ganz bedengt gerecht, fir net ze soen en ass iwwerfuerdert . Mä dat wärt jo de Bilan respektiv Audit weisen.
Léiwe Kleeschen, dem bisherigen Minister brauchs de keng Rutt ze ginn, hien ass vum Wieler ofgestrooft ginn.
Et geet hei net ëm den Beamten vum OLAI hier Aarbecht, mee ëm d'Gouvernance, ëm déi politesch Akzentsetzong duerch de Minister, ëm säin Interessi an ëm säin Suivi un der Ëmsetzung. Gouf et den Interessi, wann e weess dat virun all Repsert e Consultant agespaant gouf? Fir e contrat d’accueil et d’intégration gouf eng Millioun euros ausginn, ronn 2 000 Leit hunn bis elo dervun profitéiert. Haaptsächlech profitéiert hunn Consultant’en.
Wou ass den Souci vun Transparenz wann eng matt honnertdausenden Euros konventionéiert Institutioun keen Joresrapport brauch ofzeliwweren?
Dobäi wier den OLAI eng Platz wou Erfahrungen gesammelt kennte ginn, wou Wëssen zesummeleeft, wou international Kontakter bestinn, wou staatlech a privat Projet’en sollten koordinéiert gin.
Statt dessen Hëlleflosegkeet fir Strukturen ze schafen fir Réfugiéen ze beherbergen, schlëmmer nach : ëmmer nees Schlamperei fir Buergermeeschter a Bevëlkerung ze informéieren wann Réfugiéen an t'Gemeng kommen sollen. Och gouf verschlof Foyer’en ze bauen als Opfaangstruktur fir Gaaschtaarbechter iert ze sech op den freien Wunnengsmaart lancéieren. Ganzer 133 Better stinn zur Verfügung. Fir Platz ze kréien gin dann Locatairen déi jorelaang, verschiddener joerzengte laang an solchen Foyer’en wunnen, kuerzfristeg vum OLAI virun t’Dir gesat. E Konzept nennt een dat.
Léiwe Kleeschen, du als hellege Mann wees datt méi wéi een sech net traut den OLAI ze kritiséieren, soss kritt en de Krunn zougedréit !
Eng bewosst Integratiounspolitik huet méi verdéngt. Matt Geld Lächer stoppen war bis elo ugesot: Iddien a politeschen Wellen si gefrot.
Nächst Joer kucke mer dann, léiwe Kleeschen, wat sech gemat huet !

Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire