vendredi 7 février 2014

Sproochen fir ze schwätzen

carte blanche RTL 7.2.2014


Virspan : Nach ni hunn esou vill Leit Lëtzebuergesch geschwat wéi hautdesdaags.
Gewëss nach ni hunn esou vill Leit zu Lëtzebuerg gelieft a geschafft!
t’Ursaachen firwat net jiddereen den hei lieft a schafft eis Sprooch schwätzt géifen déi 3 Minutten vun enger Carte blanche sprengen.

Dëser Deeg a Wochen stoung t’Lëtzebuerger Sprooch virop an de sozialen Medien. Manner als Kommunikatiounsmëttel ass wéi als Ausgrenzongsmechanismus.
Ech well op e puer Elementer agoen:
Et ass nach net laang hier datt dem Lëtzebuergeschen e groussen Stellewäert zougemooss gëtt. Et ass nach net laang hier datt grouss Effort’en gemat ginn fir t’Lëtzebuergesch ze verbreeden. Et gëtt en Congé linguistique an en Contrat d’accueil et d’intégration. Gutt Usätz, sonner Zweiwel. Meilewäit ewech vun dem wat zum Beispill bei eisem däitschen Noper ugebueden gëtt: do sinn et fir en Auslänner 600 bis 900 Stonnen Däitsch, déi eenzeg offiziell Sprooch déisäits der Musel. Mat eisen 120 Stonnen fir Lëtzebuergesch, eng vu villen Sproochen heizuland ,via congé linguistique si mer e gutt Stéck hannendran.
Et gëtt kaum eng Geleeënheet verpasst sech matt eiser Villsproochegkeet  ze bretzen. Kennt dann eng Situatioun wou mer déi Sproochen kënnten oder missten gebrauchen ass et pilo!
Dobäi hu mer während 9 Joer Schoulflicht ronn 1 900 Stonne Dätsch Unterrecht an grad esouvill Franséisch gehat, ëmmer méi Jonker déi méi laang an t’Schoul ginn deementspriechend méi Stonnen. Hu mir do wierklech geléiert t’Zong ze gebrauchen oder awer t’Spëtzfënnegkeeten vun der Grouss - a Klengschreiwung respektiv den Subjonctif plusque parfait gedrummt. Domatt sti mer da gegebenenfalls punkto Grammär a Rechtschreiwung anscheinend besser do wéi en Dätschen oder e Fransous, mee eben stomm!

t’Fuerscher vun der Uni Letzebuerg ënnersträichen dëser Deeg an enger Wochenzeitschreft dat kleng Kanner ouni weideres schonn méi wéi eng oder 2 Sproochen léieren kennen, wann se dofir an sennvollen oder zwéngenden Situatiounen sinn, zB Elteren déi 2 verschidde Sproochen schwätzen.
Mir kommen net derlaanscht onsen Sproochenunterricht grondsätzlech ze iwwerdenken an ze reforméieren an dobäi 4 Sproochen am A ze behalen; Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. t’Schoul ass nëmmen bedéngt gëeegent an deenen Sproochen  schwätzen ze léieren; do gëtt Schouldäitsch an Schoulfranséisch geléiert. Eraus an t’not t’Ausland, Klassen eng Woch an Frankräich oder Däitschland an do a Familljen wunnen, déi Klassen kommen dann och eng Woch op Lëtzebuerg, ASTI huet seit méi wéi 20 Joer gutt Erfahrung: all Joer  sinn eng deck Dosen Jonker déi an der Vakanz hei vir zu Wittlech 2 Wochen a Familljen verbréngen!  Wann am Fondamental en Teamteaching leeft, kéint eng Léierpersoun matt de Schüler nëmmen Däitsch, eng zweet  nëmmen Franséisch schwätzen. Dëst sinn nëmmen e puer Moyen’en.

Wa mer dem geschwaten Wuert méi Wichtegkeet ginn, huet dat seng Auswierkung op t’Kommunikatioun an dat an allen 4 Sproochen! Wa mer an deenen Sproochen à l’aise sinn, sinn eng Rei Diskussiounen an Aversiounen passé!

serge kollwelter, carte blanche RTL 7. Februar 2014

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire

Remarque : Seul un membre de ce blog est autorisé à enregistrer un commentaire.