lundi 24 mars 2014

Sech selwer e Protokoll maachen !


Wunnen heescht fir munnecher een haushéiche Loyer bezuelen an kaum eng Acquisitioun envisagéieren kennen. En Thema wat sech wonnerbar eegent fir Sonndesrieden. Do musse mer dann nach pacte logement oder sozial Immobiliegesellschaft iwwer eis ergoen loossen.
Datt déi iwwerdriwwen Terrainpräisser gewollt sinn, pardon vum freien Maart ofhänken kéint jo och mol diskutéiert ginn, well hei ass de freie Maart out, Terrain’en sinn begrenzt an net reproduktibel.

Des horrent Präisser hu jo iwwregens och nach kengem Politiker geschuet, kleng Leit an Net - Wieler falen jo bekanntlech net an t’Gewiicht.
Da loosse mer op eng rezent Initiative zeréckkommen : déi eidel Wunnengen sollen taxéiert, respektiv hir Proprietairen sollen protokolléiert ginn.
An onser Strooss, ongeféier 500 m laang, stinn 5 Haiser eidel. Déi Iddi des Proprietären ze bestrofen sief mol do hi gestalt. Wann des Iddi dann vun engem politesch Responsabelen vun der Stad kennt, deen selwer iwwer 60 (dat sinn 5 Dozen ) Gemengewunnengen eidel stoen huet, klengt dach e beschen schiel, oder ?
Et sief dann déi Persoun wëllt gewëssermoossen sech selwer 60 Protokollen maachen , déi dann aus der Gemengekees bezuelt ginn, well wann et dann nextens e Gesetz géif ginn wat esou Strofen virgesäit, wären déi Montant’en dann net der Stad, mä dem Staat ze bezuelen !
Lo wollt ech soen : Spaass beiseit, mä handelt et sech hei em Spaass ?
Bei deenen 5 Haiser an onser Strooss ass och eist Nopeschhaus. 2008 vun der Gemeng kaaft fir iwwer eng hallef Millioun Euro . Säithier e puer Joer net geheizt, dir wësst wat dat heescht an eisem Klima : alles bannenan kapott ! Säit ronn 2 Joer kennt all puer Wochen mol eng Firma dëst oder datt dra maachen. Net ze vergiessen e fonkelneien Dag, t’freet en sech firwat, den alen wor nach tip top. De Moment ass nees Woche laang näischt gelaf. Dobei hätt datt Haus direkt kenne verlount gin, engem Locataire éventuel e puer Méint Loyer geschenkt gin fir fresch unzesträichen.

Ech hu versicht dëst Thema matt Politiker vun aller Couleur an dem leschten Gemengewahlkampf opzegräifen. Allgemengen Interessi : ganz no bei Null !

60 Wunnengen géifen Wunnengsnout net léisen, mä wären fir eng ronn 200 Leit eng Léisung. Et wärt och zu enger Léisung kommen : entweder t’Haiser ginn ofgerappt oder si ginn verroten gelooss. A béide Fäll eng responsabel Politik.

Ech weess datt t’Stad méi grouss ass wéi ons Strooss, an de Groussherzogtum méi grouss wéi t’Stad Lëtzebuerg, et wäerten also méi wéi 5, respektiv 60 Wunnengen an ëffentlecher Hand eidel stoen. Fir hei ze handelen brauchen eis Gewielten kee Gesetz a kennen muer lassleeën. Eréischt dann sin Aktiounen zu privaten eidelstoenden Wunnengen kohärent ! 

Carte blanche 24 mars 2014  serge kollwelter

Aucun commentaire: