Wunnen heescht fir munnecher
een haushéiche Loyer bezuelen an kaum eng Acquisitioun envisagéieren kennen. En
Thema wat sech wonnerbar eegent fir Sonndesrieden. Do musse mer dann nach pacte logement
oder sozial Immobiliegesellschaft iwwer eis ergoen loossen.
Datt déi iwwerdriwwen
Terrainpräisser gewollt sinn, pardon vum freien Maart ofhänken kéint jo och mol
diskutéiert ginn, well hei ass de freie Maart out, Terrain’en sinn begrenzt an
net reproduktibel.
Des horrent Präisser hu jo
iwwregens och nach kengem Politiker geschuet, kleng Leit an Net - Wieler falen
jo bekanntlech net an t’Gewiicht.
Da loosse mer op eng rezent
Initiative zeréckkommen : déi eidel Wunnengen sollen taxéiert, respektiv hir
Proprietairen sollen protokolléiert ginn.
An onser Strooss, ongeféier
500 m laang, stinn 5 Haiser eidel. Déi Iddi des Proprietären ze bestrofen sief
mol do hi gestalt. Wann des Iddi dann vun engem politesch Responsabelen vun der
Stad kennt, deen selwer iwwer 60 (dat sinn 5 Dozen
) Gemengewunnengen eidel stoen huet, klengt dach e beschen schiel, oder ?
Et sief dann déi Persoun
wëllt gewëssermoossen sech selwer 60 Protokollen maachen , déi dann aus der
Gemengekees bezuelt ginn, well wann et dann nextens
e Gesetz géif ginn wat esou Strofen virgesäit, wären déi Montant’en dann net
der Stad, mä dem Staat ze bezuelen !
Lo wollt ech soen :
Spaass beiseit, mä handelt et sech hei
em Spaass ?
Bei deenen 5 Haiser an onser
Strooss ass och eist Nopeschhaus. 2008 vun der Gemeng kaaft fir iwwer eng
hallef Millioun Euro . Säithier e puer Joer net geheizt, dir wësst wat dat heescht an eisem
Klima : alles bannenan kapott ! Säit ronn 2 Joer kennt all puer
Wochen mol eng Firma dëst oder datt dra maachen. Net ze vergiessen e fonkelneien
Dag, t’freet en sech firwat, den alen wor nach tip top. De Moment ass nees Woche laang näischt
gelaf. Dobei hätt datt Haus direkt kenne verlount gin, engem Locataire éventuel
e puer Méint Loyer geschenkt gin fir fresch unzesträichen.
Ech hu versicht dëst Thema
matt Politiker vun aller Couleur an
dem leschten Gemengewahlkampf
opzegräifen. Allgemengen Interessi : ganz no bei Null !
60 Wunnengen géifen
Wunnengsnout net léisen, mä wären fir eng ronn 200 Leit eng Léisung. Et wärt
och zu enger Léisung kommen : entweder t’Haiser ginn ofgerappt oder si
ginn verroten gelooss. A béide Fäll
eng responsabel Politik.
Ech weess datt t’Stad méi
grouss ass wéi ons Strooss, an de Groussherzogtum méi grouss wéi t’Stad
Lëtzebuerg, et wäerten also méi wéi 5, respektiv 60 Wunnengen an ëffentlecher
Hand eidel stoen. Fir hei ze handelen brauchen eis Gewielten kee Gesetz a
kennen muer lassleeën. Eréischt dann sin Aktiounen zu privaten eidelstoenden Wunnengen
kohärent !
Carte
blanche 24 mars 2014 serge
kollwelter
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire
Remarque : Seul un membre de ce blog est autorisé à enregistrer un commentaire.