E Sonndeg den Owend stinn déi Männer a Fraen fest déi fir 5 Joer europäesch Gesetzer maachen. 400 Milliounen Europäer an 28 Memberstaten sinn opgeruff 751 Fraen a Männer ze wielen fir e gemeinsamt Parlament: no Indien déi gréisst Demokratie op der Welt!
Déi grouss Plakaten a kleng Prospekter heizulands vermëttelen ass wéi wann déi 6 Gewielter aus Lëtzebuerg Europa wann net retten, dann awer änneren, verbesseren souguer radikal ëmbauen wëllen a kennen. Afloss am EP hunn eis 6 Gewielten nëmmen duerch déi politesch Famill an där se sinn. Kuckt en t’Wahlmaterial vun den Parteien duerch geet kaum ervir zu wellecher politescher Famill se gehéiert. Wann ech och verstinn dat en net affichéiere wëllt dass en zB mam Berlusconi an engem Boot setzt, zielen dem seng Gewielten awer och fir President vun der Kommissioun ze ginn.
Et si jo europäesch Wahlen, di en europäescht Parlament ausmaachen dat fir 28 Länner zoustänneg ass. Dat déi politesch Familljen e gemeinsamen europäeschen Parteiprogramm hunn dovun ass heizulands keng Rieds. De Wieler soll gleewen matt dem Nationalen Programm keim e méi weit wéi Arel oder Diedenhuewen. Bis Bréissel oder Stroosbuerg get et jiddefalls net duer.
Datt vun villen Parteien europaweit gefrot gett eppes Zoliddes géint Jugendaarbechtslosegkeet ze maachen ass sonner Zweiwel luewenswäert. Schued datt dem Wieler just eppes virgegaukelt gëtt, well Aarbechtslosegkeet gehéiert net zu de Kompetenzen vun der EU, do sinn Nationalstaten zoustänneg. Dat trotzdem an dësem Wahlkampf vun der EU fuerderen ass e weidert Zeechen wee wéineg eescht en de Wieler hellt.
Mir wëssen datt t’Europaparlament en vun 2 europäeschen Gesetzgeber ass, deen 2. ass de Ministerrot. Wann t’EP transparent ass, ass de Ministerrot just de Konträr. Zurecht gëtt gesot de Ministerrot hätt par Rapport zum EP oft dat lescht Wuert an dobäi wär hien net demokratesch legitiméiert. Stemmt nëmmen zum Deel. De Lëtzebuerger Minister den un engem Fachministerrot zu Bréissel deelhëlt ass jo heizulands vun enger Majoritéit an der Chamber gedroen. Ass déi Chamber interesséiert drun wat de Minister zu Bréissel mécht, wellech Positiounen hien vertrëtt, wellech Kompromësser en ageet, asw? 2/ 3 vun de Lëtzebuerger Gesetzer stamen aus europäeschen Direktiven. Sinn des Direktiven vum europäeschen Legislateur ugeholl, bleift eiser Chamber kaum Spillraum fir se an Lëtzebuerger Recht ëmzesetzen. Dohier wär et sënnvoll datt eis Chamber soubal eng Direktive als Projet op den Dësch kennt, sech via kompetenten Minister dermat auserneen ze setzen. Sech an Äifer rieden bei der Transpositioun ass schlechten Stil, notzt näischt a mécht dem Wieler just eppes vir. Wa mer lo norechnen hu mer eigentlech 66 Europadeputéierten, eis 60 um Krautmaart an eis 6 zu Stroossbuerg. Zesummeschaffen misst hei éischt Prioritéit sinn.
Ass et bis elo net gewiescht !
carte blanche RTL serge kollwelter 19 Mee 2014
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire
Remarque : Seul un membre de ce blog est autorisé à enregistrer un commentaire.