mercredi 25 juin 2014

ee Prisong, zwee Prisongen, dräi Prisongen, an de Konzept ?

Virspan:  Lescht Woch gouf an der Chamber e Gesetz gestemmt fir en neien, zousätzlechen Prisong ze bauen.
No Schraasseg a Giwenich dann elo och Uerschterhaff . Wéi steet et mat enger grondsätzlecher Diskussioun iwwer Strofen a Prisong freet sech de Serge Kollwelter a senger Carte blanche

Op Däitsch schwätzt een vun Strafvollzug. Mënschen déi vun engem Gericht eng Strof kréien well se esou oder esou géint demokratesch festgeluechten Regelen  vun der Gesellschaft verstouss hunn, also Gesetzer net beuecht hunn.

Et gëtt do eng Rëtsch vu Strofen: vu Geldstrof bis zu Fräiheetsentzug. Ween seng Fräiheet op Zäit muss opginn kennt an en JVA eng Justizvollzugsanstalt, op lëtzebuergesch e Prisong. Praktesch all Prisonnéier huet t’Perspektiv do erauszekommen. Säin Retour an t’Gesellschaft muss also vum éischten Dag un à l’ordre du jour sin! Un der Gesellschaft alles ze maachen dat no der Strof en neit Liewen méiglech gëtt .

Allgemeng ass de Prinzip datt eng Prisongsstrof dat lescht Mëttel soll sinn, dat heescht datt all aner Mëttelen vun Strof mussen vum Geriicht als net adequat betruecht gi sinn . Lauschtere mer mol wat e bekannten Penalist sot : « En règle générale les juges luxembourgeois ne vont pas de main morte avec les incarcérations. »  A weider : « C’est pour eux une solution de facilité! «
Vläicht misst de Katalog vun de Strofen erweidert ginn an echt Alternativen hier, notamment fir déi kuerz Prisongsstrofen.  Dat ass méi komplizéiert wéi en neie Prisong bauen! Dobäi weess en dat de Passage via Prisong dem Veruerteelten an der Regel t’Liewen duerno méi schwéier mécht .


Lo hu mer vun deenen Mënschen geschwat déi veruerteelt goufen an eng Strof ofsetzen.
Dobäi hu mer bal déi vergiess em déi et mam neie Prisong geet: déi Mënschen déi an Untersuchungshaft setzen ouni weder veruerteelt nach bestrooft ze sinn. Dobäi ass de Prinzip datt en onschëlleg ass soulaang en net veruerteelt ass.
Lo sinn haut bal t’Halschent vun den Insassen vu Schraasseg an Untersuchungshaft, bal t’Halschent potentiell Onschëlleger ! Zu Suessem gëtt also e Prisong fir Onschëlleger gebaut !
Nach emol de Strofverteideger vun éinescht: « Les juges se disent: on les met en détention  provisoire, comme ça ils sont tranquilles. »
Si waarden an dem Prisong op hire Prozess, oft Joeren an Joeren laang.
Am Ausland ass des Untersuchungshaft an der Zäit limitéiert: net méi wéi x Joeren U - haft fir eng Persoun déi, wann se dann veruerteelt gëtt , y Joer Haft géif riskéieren.
Zu Lëtzebuerg gëtt et do keng Limite ! Leider gëtt et keng Statistik iwwer t’Dauer vun der U- haft zu Lëtzebuerg. Verschidde Fäll ënnermaueren datt e bis zu 5 (!) Joer U- haft kennt. 5 Joer ouns e Prozess!

Fir U - häftlinge gëtt elo also en neien Prisong gebaut, maison d’arrêt  genannt.
Domat ginn dann U - häftlingen vun deenen aneren schonns Veruerteelten getrennt . Très bien !
Wéi wär et dann wann de Staat sech géif méi Mëttelen ginn, fir t’Ënnersuchungen virun ze dreiwen: Méi  Untersuchungsriichter, méi Enquêteuren? Domat  wär et méiglech Zuel vun de U- häftlingen drastesch erofzesetzen. 

Lo ass et net fir de Kapp hänken ze loossen: Reformen stinn an t’Haus. Gläich 2 Projets de loi hat de Minister Biltgen nach an t’Weeër geleet an säin Nofolger den Minister Braz well déi nobesseren an virun Enn des Joers an t’Chamber bréngen, Geleeënheet also iwwer de Fong vum Strofvollzug ze diskutéieren.
Schued datt t’Reiefolgen e beschen op de Kapp gestallt gouf. Oder wär et net méi sënnvoll gewiescht fir t’éischt iwwer Inhalter a Konzepter ze diskutéieren an dann eréischt Beton ze maachen ?

RTL cb 25 juin serge kollwelter

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire

Remarque : Seul un membre de ce blog est autorisé à enregistrer un commentaire.