vendredi 24 octobre 2014

Rettung vun der Sproochesituatioun durch Crèchen ? Le salut pour la situation linguistique viendrait des crêches ?



Ons nei Regierung wëllt matt vill Enthusiasmus de Sproocheproblem an onse Schoulen upaken, oder besser gesot schonns virun der Schoul, an de Crèchen. Kennt elo t’Rettung vun de Sproocheproblemer eenzeg an eleng vun de Crèchen freet sech den Serge Kollwelter an senger carte blanche.

Do ass en Feld wat nach punkto Sproochen bis elo net beackert gouf: Zweesproocheg Crèchen mussen hier! Interessant Iddi ! Hei brauche mer Konzepter, Programmer, pädagogesch ausgebilten, villsproochegt Personal, asw. Just zur Erennerong: beim Pisa spetzereider Finnland sin bei denen Klengsten déi bescht ausgebildten Pädagogen. Elo kann et jo awer net sinn datt vun 1 bis 3 Joer dat gemat géif wat duerno scheinbar bis elo net dran war. Wat 2 000 Stonnen Spillschoul an 6 000 Stonnen Primärschoul net fäerdeg bruecht hunn, soll elo, op fräiwëlleger Basis, an de Crèchen geschéien? Des  8 000 Stonne  sinn obligatoresch. Wéi steet et matt engem systemateschen Sprocherwerb an der Spillschoul ?  Wéi an der Spillschoul den Acquis’en Rechnung droen wann  Kanner Zweesproochegket aus de Crèchen matbréngen wäerten? An eng Approche vum Däitschen als Friemsprooch fir Net - Lëtzebuerger am Primär misst och nees dierfen diskutéiert ginn, oder ? Och am Secondaire ass nach Handlungsbedarf. Wann et drëm geet ons Villsproochegkeet ze förderen fir Letzebuerger an Net - Letzebuerger , musse mer nei Weeër goen an drop aus sinn datt ons jonk Leit an 2 Sproochen ganz sattelfest sinn an an 2 aneren eppes manner. Dat kënnten roueg jeeweils aner Sproochen sinn. En Akzent misst op Schwätzen geluet ginn: net nëmmen op Rechtschreiwung a Literatur. Dëst bedeit Ëmdenken, Ëmstellen virun allem vun dem Léierpersonal. Sech drop beruffen wéi et ëmmer war, fir näischt ze änneren an dat an enger Gesellschaft déi, op et eis gefëllt oder net, ännert, schnell ännert ! Hei sinn t’Enseignant’en gefuerdert! Si mussen sech bewosst ginn datt Schoul sech un déi gesellschaftlech Realitéit an Diversitéit upassen muss. Als Enseignant’en sinn si natierlech de Beweis vun der Reussite an a vun der Schoul. Des perséinlech Reussiten  ginn net duer als Argument fir an der Schoul vun haut näischt ze änneren.
Eng nei Gewiichtung vun den Crèchen kann jo net duerhalen fir an der Schoul selwer näischt un dem Sproochenunterricht ze änneren!

Sollte mer alles eenzeg an eleng  vun där neier Sproochenapproche an de Crèchen ofhängeg maachen, misste mer bis 2031 ofwaarden : dann sinn déi Kanner déi 2016 matt deenen neien Offeren an de Crèchen ufänken matt der obligatorescher Scolarisatioun färdeg. Sollt am Fondamental an am Secondaire näischt geschéien, wär et riskéiert alles vun dëser Mesure ofhängeg ze maachen. 2031 wär den Effet vun där neier Crêchesproochepolitik eréischt miessbar. Sollte mer t’Sproochechantier’en an der Schoul selwer bis dohin roue loossen?
Schons eleng honnerte vu Kanner déi all Joer vu baussen an eis Schoul era kommen, an déijeneg  déi keen esou en Angebot an de Crèchen kréien wäerten, maachen e resolut Upaken vun dëse Froen batter néideg !

Carte blanche  RTL 24 Oktober 2014   Serge Kollwelter

Aucun commentaire: