mercredi 10 décembre 2014

Menscherechter, universal ?

Den 10. Dezember ass den internationalen Dag vun de Mënscherechter, Anniversaire vun der universeller Deklaratioun vun de Mënscherechter. Loosse mer mol en Abléck bei dem universellen Aspekt bleiwen. Recht op Liewen an Iwwerliewen ass net op der ganzer Welt sou selbstverständlech.

Lëtzebuerg ass houfreg mat 1% vun sengem PIB ze hëllefen. Ëmmerhi sinn dat ronn 400 Milliounen Euro d'Joer. E bëssen dovu kënnt aus deene Recetten, déi Lëtzebuerg aneren aus der Täsch zitt: Bensintourismus, Zigarettepräis, e -Commerce an net zu Lescht déi berüchtegt Rulings.

Datt de Grand-Duché hei geschleeft gëtt ass eng Saach, datt et och anerwäerts Rulinge gëtt, ass keng Ursaach einfach déi beleidegt Liewerwurscht ze maachen.

Mir hu gutt gelieft vun deene Recetten.

Mir? wien ass dat ? Déi Leit déi armutsgefährdet sinn, déi vill Leit déi fir hier Aarbecht nëmmen de Mindestloun kréien, déi Leit déi mam RMG liewe mussen? Ech wëll hei net mat Zuelen operéieren. Zuelen an Argumenter fannt der an der Dezember-Nummer vun der Zäitschrëft Forum.

Wann d’Schéier tëscht Räich an Aarm zu Lëtzebuerg weider ausernee geet, ween huet dann do wëlles dergéint ze steieren?

Mä zréck zu Rulings a Mënscherechtler!

D’Meenungsfräiheet ass jo en emblemateschen Deel vun de Mënscherechter, mä kengem ass verbueden, sech selwer ze zensuréieren. Dës Selbstzensur gëtt fläisseg geübt: keen Debat an der Chamber zu Steierrulings, keng Enquêtekommissioun, kee Politiker wosst eppes dervun oder wollt eppes dervu wëssen, déi iwwergrouss Koalitioun vu Gambia bis CSV behaapt déi ganz Rulingen wären vun engem Beamten am Alleingang gemaach ginn, ouni d’Wësse vun deene jeeweilegn Ministeren. Säit wéini si Beamten an net Ministere politesch verantwortlech?

2009 hat de Cercle de Cooperation eng Studie iwwer Lëtzebuerg als Steieroase erausbruecht. Doraus goung ënner anerem ervir, datt duerch déi Privatverméigen, déi zu Lëtzebuerg gebunkert sinn, den Entwécklungslänner all Joer mindestens 2 Milliarden Euros entginn. Schéin am Vergläich zu deene 400 Milliounen, déi mir gewëssermoossen zréckginn, oder? Wat geschouch: gouf sech heimat ausernaner gesat? Weit gefeelt! D’Regierung huet Drock op de Cercle gemaach, him gedreet de Krunn zouzedréien, d’Studie gouf zréckgezunn, an den Debat wor eriwwer, iert en ugefaangen hat .

Kënne mir weiderhi glafwierdeg an der EU sinn, wa mer mat alle Mëttelen anere Steiergelder entzéien, dorëm geet et jo.

Do muss eng europäesch Regelung erbäi: ugepasste Steieren op héije Gewënner do wo de Räichtum geschaaft gëtt vir ëmzeverdeelen, vun uewen no ënnen?

Dierf ee sou moralesch Uspréch erhiewen, haut um internationalen Dag vun den universelle Mënscherechter, wëssend datt dat heescht fir déi Guttverdéngend zu Lëtzebuerg e bësche méi lues trëppelen ?

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire

Remarque : Seul un membre de ce blog est autorisé à enregistrer un commentaire.