carte blanche RTL
Serge Kollwelter 29. Mee 2015
Virspan:
Zum Auslännerwahlrecht féiert den Serge Kollwelter a senger carte blanche 2 Elementer op: déi national Souveränitéit an t’Zuel vun den Deputéierten.
An der Campagne fir de Referendum schéngt mer een Element net richteg gebraucht ze ginn: dat vun der nationaler Souveränitéit. Si wär a Gefor wann Net - Lëtzebuerger Awunner géifen Deputéierten fir de Krautmaart matwielen.
Nun ass et elo schonns esou datt ronn 70 % vun de Lëtzebuerger Gesetzer vun EU Direktiven an -Reglementer stamen an vun eiser Chamber just nach an e Lëtzebuerger Gesetz transposéiert ginn.
Wien huet déi europäesch Gesetzer da gemaach? Mir hu bekanntlech 2 Gesetzgeber op EU Niveau: t'Europaparlament an de Ministerrot. A béiden spillt Lëtzebuerg net t'Haaptroll: 2 Damen an 4 Hären aus Lëtzebuerg op 751 Memberen am EU Parlament, 4 Stemmen am Ministerrot op en Total vun 352.
Als en vun deenen klengsten Memberstaten ass fir eis t'EU en ontentbierleche Statebond. Mir liewen matt Gesetzer déi zum iwwergroussen Deel vun Net - Lëtzebuerger gestemmt ginn an fir all 28 Memberstaten gëllen.
De Schrëtt fir Net-Lëtzebuerger e Matsproocherecht ze ginn an domat déijéineg Lëtzebuerger ze bestëmmen déi di europäesch Gesetzer an national Legislatioun ëmsetzen, ass deementspriechend 1. bescheiden an 2. just e Complément zum ierweschten EU-Niveau wou mer matt aneren Souveränitéit deelen, an zum ënneschten, dem Gemengenniveau, wou schonn laang all Awunner net nëmmen wielen, mä och gewielt ka ginn.
Ween dann nach no Opginn vun nationaler Souveränitéit jeitzt, den huet entweder nach net matkritt datt mir des Souveränitéit schonn längst a gréisstendeels matt 27 aneren europäeschen Länner deelen.
Oder awer hien zielt Onwouerecht, trotz besserem Wëssen!
Laang Zäit houng Zuel vun den Deputéierten vun der Awunnerzuel of. 1945 gouf et 51 Deputéierten, 1984 woren se bis op 64 geklommen. Well t’Awunnerzuel eenzeg an eleng duerch t’Auslänner eropgaang ass, gouf sech 1989 definitiv op 60 Deputéierten festgeluecht. Wann se weiderhinn un t’Awunnerzuel gekoppel bliwwe wär, misste mer haut ronn 100 Députéierten hun!
Wann statt Awunnerzuel, nemmen t’ Wieler a Betraff gezun géifen, hätten mer nach 33 Deputéierten um Krautmaart. Dir fannt Grafik um Site vun RTL.
Vu wegen Repräsentativität an Souveränitéit also …
Ech si gespant op des Referendumscampagne zu enger besserer Diskussiounskultur beigedroen huet, an am uschléissenden Forum Bierger sech net an der Anonymitéit verstoppen, an de Ball, net de Mann spillen.
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire