lundi 1 juin 2015

Souveränitéit an Zuel vun Deputéierten

 Carte Blanche RTL 29. Mee 2015


An der Campagne fir de Referendum schéngt mer een Element net richteg gebraucht ze ginn: dat vun der nationaler Souveränitéit. Si wär a Gefor, wann Net-Lëtzebuerger Awunner géifen Deputéiert fir de Krautmaart matwielen.
Nun ass et elo schonns esou, datt ronn 70 % vun de Lëtzebuerger Gesetzer vun EU-Direktiven a -Reglementer stamen a vun eiser Chamber just nach an e Lëtzebuerger Gesetz transposéiert ginn.
Wien huet déi europäesch Gesetzer da gemaach? Mir hu bekanntlech 2 Gesetzgeber op EU-Niveau: d'Europaparlament an de Ministerrot. A béide spillt Lëtzebuerg net d'Haaptroll: 2 Damen an 4 Hären aus Lëtzebuerg op 751 Memberen am EU-Parlament, 4 Stëmmen am Ministerrot op en Total vun 352.
Als ee vun deene klengste Memberstaaten ass fir eis d'EU en ontentbierleche Staatebond. Mir liewe mat Gesetzer, déi zum iwwergroussen Deel vun Net-Lëtzebuerger gestëmmt ginn a fir all 28 Memberstaate gëllen.
De Schrëtt fir Net-Lëtzebuerger e Matsproocherecht ze ginn an domat déijéineg Lëtzebuerger ze bestëmmen, déi di europäesch Gesetzer an national Legislatioun ëmsetzen, ass deementspriechend 1. bescheiden an 2. just e Complement zum ieweschten EU-Niveau, wou mer mat anere Souveränitéit deelen, an zum ënneschten, dem Gemengenniveau, wou scho laang all Awunner net nëmme wielen, mä och gewielt ka ginn.
Ween dann nach no Opginn vun nationaler Souveränitéit jäizt, deen huet entweder nach net matkritt, datt mir dës Souveränitéit scho längst a gréisstendeels mat 27 aneren europäesche Länner deelen.

Oder awer hien zielt d'Onwouerecht, trotz besserem Wëssen!
Laang Zäit houng d'Zuel vun den Deputéierte vun der Awunnerzuel of. 1945 gouf et 51 Deputéiert, 1984 wore se bis op 64 geklommen. Well d'Awunnerzuel eenzeg an eleng duerch d'Auslänner eropgaang ass, gouf sech 1989 definitiv op 60 Deputéiert festgeluecht. Wa se weiderhin un d'Awunnerzuel gekoppelt bliwwe wär, misste mer haut ronn 100 Deputéiert hunn!

Wa statt Awunnerzuel nëmmen d'Wieler a Betracht gezu géifen, hätten mer nach 33 Deputéierten um Krautmaart. (Dir fannt d'Grafik hei um Site.)
Vu weege Repräsentativitéit a Souveränitéit also ...
Ech si gespaant, ob dës Referendumscampagne zu enger besserer Diskussiounskultur bäigedroen huet, an am uschléissende Forum Bierger sech net an der Anonymitéit verstoppen, an de Ball, net de Mann spillen.

Aucun commentaire: