Carte Blanche RTL 29. Mee 2015
An der Campagne fir de Referendum schéngt mer een Element net richteg
gebraucht ze ginn: dat vun der nationaler Souveränitéit. Si wär a Gefor,
wann Net-Lëtzebuerger Awunner géifen Deputéiert fir de Krautmaart
matwielen.
Nun ass et elo schonns esou, datt ronn 70 % vun de
Lëtzebuerger Gesetzer vun EU-Direktiven a -Reglementer stamen a vun
eiser Chamber just nach an e Lëtzebuerger Gesetz transposéiert ginn.
Wien
huet déi europäesch Gesetzer da gemaach? Mir hu bekanntlech 2
Gesetzgeber op EU-Niveau: d'Europaparlament an de Ministerrot. A béide
spillt Lëtzebuerg net d'Haaptroll: 2 Damen an 4 Hären aus Lëtzebuerg op
751 Memberen am EU-Parlament, 4 Stëmmen am Ministerrot op en Total vun
352.
Als ee vun deene klengste Memberstaaten ass fir eis d'EU en
ontentbierleche Staatebond. Mir liewe mat Gesetzer, déi zum
iwwergroussen Deel vun Net-Lëtzebuerger gestëmmt ginn a fir all 28
Memberstaate gëllen.
De Schrëtt fir Net-Lëtzebuerger e
Matsproocherecht ze ginn an domat déijéineg Lëtzebuerger ze bestëmmen,
déi di europäesch Gesetzer an national Legislatioun ëmsetzen, ass
deementspriechend 1. bescheiden an 2. just e Complement zum ieweschten
EU-Niveau, wou mer mat anere Souveränitéit deelen, an zum ënneschten,
dem Gemengenniveau, wou scho laang all Awunner net nëmme wielen, mä och
gewielt ka ginn.
Ween dann nach no Opginn vun nationaler
Souveränitéit jäizt, deen huet entweder nach net matkritt, datt mir dës
Souveränitéit scho längst a gréisstendeels mat 27 aneren europäesche
Länner deelen.
Oder awer hien zielt d'Onwouerecht, trotz besserem Wëssen!
Laang
Zäit houng d'Zuel vun den Deputéierte vun der Awunnerzuel of. 1945 gouf
et 51 Deputéiert, 1984 wore se bis op 64 geklommen. Well d'Awunnerzuel
eenzeg an eleng duerch d'Auslänner eropgaang ass, gouf sech 1989
definitiv op 60 Deputéiert festgeluecht. Wa se weiderhin un
d'Awunnerzuel gekoppelt bliwwe wär, misste mer haut ronn 100 Deputéiert
hunn!
Wa statt Awunnerzuel nëmmen d'Wieler a Betracht gezu
géifen, hätten mer nach 33 Deputéierten um Krautmaart. (Dir fannt
d'Grafik hei um Site.)
Vu weege Repräsentativitéit a Souveränitéit also ...
Ech
si gespaant, ob dës Referendumscampagne zu enger besserer
Diskussiounskultur bäigedroen huet, an am uschléissende Forum Bierger
sech net an der Anonymitéit verstoppen, an de Ball, net de Mann spillen.
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire
Remarque : Seul un membre de ce blog est autorisé à enregistrer un commentaire.