Virspan:
Wéini de Krich a Syrien eriwwer ass, wéi vill Flüchtlingen
nach an Europa an och op Lëtzebuerg kommen weess keen. Domat
bleiwwt fir den Serge Kollwelter t’Fro wéi mir eis op Dauer
heirobber astellen.
Eng dauerhaft Erausfuerderong
Fir déi Mënschen déi vun Krich a Misär fortlafen an op Lëtzebuerg
kommen, méicht eis Regierung grouss Effort’en, souwuel wat den
Accueil ubelaangt wéi och wat eng europäesch Äntwert betrëfft.
Och wa mir bis Oktober eppes méi wéi hallef souvill demandeurs de
protection internationale hunn wéi an Joeren 2011 an 2012 an bei
wäitem net esou vill wéi déi 3 000 aus dem Joer 1999 muss en dach
ënnersträichen datt Regierung sech serieux preparéiert.
An der Bevëlkerung gëtt et eng grouss Hëllefsbereetschaft. Hei ass
d’Regierung gefuerdert des Benevolen ze encouragéieren, ze
coordinéieren. Telefonshelpline ass eng gutt Saach. Mä och
inhaltlech ass méi gefrot: firwat net eng Internetsäit, och fir op
déi eventuell Aengschten an der Bevëlkerung anzegoen, e Forum wo
Bierger sech artikuléieren. Flucht a Migratioun mussen an de Lycéeën
opgeschafft ginn.
Et ass bemierkenswärt wéi t’Press sech dem Thema unhëlt.
An dach feelt Eppes wat noutwendeg ass vir den Referendumssyndrom
vun den Gutmenschen ze evitéieren an zwar e Ronnen Dësch wou
Regierung an Oppositioun, Syvicol, Gewerkschaften a Patronat,
Zivilgesellschaft a reliéis Communautéiten sech zesummen fannen fir
den indispensabelen Konsens ze stäerken an him en dauerhaften
Charakter ginn. Hei geet et drëm Memberen vun de Parteien,
Gewerkschaften, Patronat, asw ze stäerken matt Argumenter, absoluter
Transparenz an dem Agestoen - wat fir Politik net esou einfach ass-
datt een net Äntwert op all Froen huet, dass mir als Lëtzebuerg op
Munneches keen Afloss hunn. CSV ass an dem Ronnen Dësch
indispensabel.
Sympathie hellt mat der Zäit of, Ratefänger gëtt et och bei ons!
Datt e groussen Effort op schnell Integratioun vun de Flüchtlingen
geluet gett ass eng gud Saach. Mir hunn zu Lëtzebuerg bis elo
haaptsächlech bei allen Neien - op Flüchtlingen oder Migranten - méi
op Zäit gezielt - datt mécht sech schonns vum selwen - ass wéi op
eng explizit Integratiounspolitik. Dé bescheidenen Contrat
d’accueil et d’intégratioun ass e gud Beispill.
Hei leit eng grouss Erausfuerderung fir eis Gesellschaft. Nieft 1
000 oder 2 000 Flüchtlingen t’Joer hu mer en Zouwuess vun 10 000
neien Awunner t’Joer. Och hei ass - manner spektakulär mä ëmsou méi
dauerhaft - eng méi explizit Politik gefrot.
A schließlich ass t’Akzeptanz vun Integratiounspolitiken och eng
Fro, wéi mer Awunner matt klengem Akommes fair behandelen. Anstatt
TVA erhéigong, muss et och fir si besser Chancen an der Schoul an um
Wunnengsmaart ginn.
carte blanche RTL 4.11.2015
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire