mercredi 29 juin 2016

Meng lescht carte blanche 29 Juni 2016


Viru 15 Joer hat den deemolegen Premier Jean Claude Juncker t’Perspektiv vum 700 000 Awunnerstaat kuerz an t’Gespréich bruet. Haut si mer, mat de Grenzgänger an hire Familljen schonns bal eng Millioun Leit déi fir a vun Lëtzebuerg liewen a schaffen.
Lo steet d’Millioun Awunner am Raum, an eis Haaptstad soll bis op 150 000 Awunner opgeblosen ginn.

1 Millioun Awunner wär eng linear Fortschreiwung vun der Entwécklung vun deenen leschte Joren. Esou en Wuesstem géif eisen generéisen Pensiounssystem iwwer t’Ronnen retten. Aner Aspekter ginn dem freien Maart iwwerlooss, notamment de Logement, ëmmer méi och t’Schoul wou an der Haaptstad schonn 45 % vun de Kanner an Privatschoulen ginn.
Virun allem gëtt eng Fro net gestallt, nämlech déi ween an dësem Land eppes ze soen huet, ween zur Wiel steet, ween wielen däerf.
Elo schonns sinn an der Haaptstad nëmmen nach 30% Wieler, landeswäit t’Halschent: Sou soll et bleiwen soten virun engem Joer 80% vun de Lëtzebuerger.
Bei där ugepeilter demografescher Entwécklung wären nëmmen nach 1/3 landeswäit, an der Haaptstad nach knapps 1/5 vun den Awunner wäertvoll genuch fir mat ze bestëmmen.
Matt Vollgas also Richtung Apartheidstaat !
E beschen lues Kollwelter, wäert elo den en oder aneren soen: en neit Nationalitéitegesetz wäert hei demokratesch Remedur schafen ! Bestëmmt kann en neit Gesetz den Trend ofschwächen, awer net méi !
En interessanten Moment kennt op eis zou mat den Gemengewahlen am Hierscht 2017. Bekanntlech kann all Auslänner den 5 Joer am Land lieft dorun deelhuelen an gewielt ginn. Souwäit Theorie, an der Praxis woren et manner wéi 20 Prozent déi des Méiglechkeet 2011 ergraff hunn. Ween ageschriwwen ass muss wielen goen: oft kucken mer vun uewen erof op déi Länner wou ëmmer méi Leit net wiele ginn, dobäi gëtt Zuel vun den Netwieler bei eis ëmmer méi grouss, ouni datt dat en beonrouegt!
Bleift ofzewaarden op et e wierkleche politeschen Wellen gëtt op Gemengeplang zu engem suffrage universel zreck ze kommen. Zeechen dofir wären: Aschreiwen per Internet, Residenzdauer erofzesetzen wéi t’Chamber et per Resolutioun schonns 2011 gewënscht huet oder guer keng Residenzdauer wéi elo schonns an der Belsch, Net Lëtzebuerger am Gemengepersonal an op de Kandidatelëschten, asw, asf .
Wéi virun 150 Joer t’Zuel vun de Gemengeconseilleren festgeluecht gouf jee no Awunnerzuel, woren souzesoen all Awunner Lëtzebuerger. Géif haut t’Zuel vun de Conseilléieren vun der Zuel vun de Wieler ofhänken, hätt zB t’Haaptstad net 27 Gemengeréit ze gutt, mais nach just 10 oder 11 .
Loosse mer mol ofwaarden op wierklech strukturell eppes geännert gëtt bei der Aschreiwungsprozedur oder nees op Sensibilisatioun gesat gëtt. Ob Net Lëtzebuerger a Parteien integréiert ginn, am Gemengepersonal vertrueden sinn, méi wéi 1 symboleschen Kandidat op de Leschten hunn oder neess einfach Gadgeten verdeelt ginn !

Vläicht soll en t’Ewardongen net ze héich schrauwen, schliisslech entscheeden Lëtzebuerger weiderhin confortabel eleng wéi t’Steieropkommes ugeluecht gëtt wat vun hinnen, den Auslänner an de Grenzgänger zesummen erschafft gëtt!

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire

Remarque : Seul un membre de ce blog est autorisé à enregistrer un commentaire.