Do gett et anscheinend Leit déi sech géint t'Perspektiv vun enger Multikultigesellschaft wellen wieren.
Ech gin de Verdacht net lass datt des Leit entweder net wessen datt se matzendran sin oder awer net wessen wouvun se schwetzen an also monter hetzen.
Et kéint een sech elo laanscht t'Fro drecken an soen datt am Grand Duché méi wéi 170 Nationalitéiten vertrueden sin, aus all Land vun der Welt quasi. Dat wir de côté exotique!
Méi wichteg wär et vleicht ze gesin ween dann hei schafft: do géife mer feststellen datt op 3 Arbechtsplazen 1 vun engem Letzebuerger besat ass, eng vun engem Auslänner deen hei wunnt an eng vun engem Grenzgänger, genau gesot : fir 100 000 Letzebuerger déi schaffen hu mer 230 000 Auslänner dovun 140 000 Grenzgänger
Ass daat net déi zentral Ausso, déi eis seet ween zum deeglechen Fonktione'eren vun desem Land beidréit: de Letzebuerger secher, mé ouni déi Netletzebuerger geet guer neischt.
Datt ass déi multikulturelle Gesellschaft vun haut: ka sin datt se deem engen oder aneren net passt, datt e souguer mengt et wären zevill Auslänner hei, datt Grenzgänger zéi wieren fir Letzebuergesch ze schwetzen. Wat man: weem et net passt de muss konsequent sin an sech domatt offannen datt ouni déi 2/3 NetLetzebuerger Arbechtskräften hien an all aner Letzebuerger de Buttek schnellstens zouman musse, datt et eriwer ass mat de Pensiounen déi haut schons zum gréissten Deel vun den Auslänner bezuelt gin, datt keen Steen méi op en anrene geluet gett, keen Haus a kee Büro gebotzt gett, asw. asw. Wär et besser datt keng Metsch méi gebak get ass wéi wann de Vendeur kee Letzebuergesch schwetzen kann?
Déi jetzeg Kris wärt weisen, wéi mer zesummenstinn, zesummenhalen, an engem schwieregen Passage t'Laaschten solidaresch verdeelen oder op e puer awer als Erklärongsmuster ennert Leit brengen déi Schelleg un dem FGanzen wären t'Auslänner. Dh zB datt mer eis bewosst sin wéi mer mat Grenzpendler ömgin: sin se entloos tauchen se net an onsen Chômagezuelen op!
t'Fro ass op mer eis matt dem Konstat vun der Multikulturalitéit zefridde gin: faarweg Fester zesumme feieren an den Daag drop nees en den aneren ignore'eren.
Mir mussen vum Ist Zoustand ewech zum Interkulturellen hin: Zesummewuessen, zesummenhalen iwer Pass an Wunnuert ewech ass en Défi: looss mer mol kucken wéi t'Politik dat wärt upaken, ween an der kommender Wahlkampagne echt Virschléi mecht fir Zesummeliewen ze verbesseren, ween dem letzebuerger Wieler seet datt Demokratie eppes ass wat muss gedeelt gin, datt Kompromisser néideg sin, bref datt Integratioun als Schlagwuert ersat muss gin duerch méi Réussite fir jiddereen an der Schoul, e bewosst Zesummeliewen , Wahlrecht fir jiddereen, asw.
Längst get et net méi öm Auslännerpolitik, mee villméi wéi t'Letzebuerger, de Moment déi enzeg déi bei Chamberwahlen zougeloos sin, sech hier Zukonft virstellen: ouni Auslänner net wenschenswärt awer als Apartheidstaat matzen an Europa virstellbar?
Serge Kollwelter
18 März 2009 , carte blanche RTL
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire