Och e Verurteelten huet Rechter !
carte blanche RTL 2.11.2009
Verurteelt ze gin ass eng Sach, seng Stroof ofsetzen eng aner, normalerweis eng Konsequenz vun der Verurteelong.
Lo kennt et fir datt e Verurteelten sech zu Onrecht verurteelt fillt, et gett Fäll wou dé Verurteelten konsequent an iwer Jorzengten ewech behapt net schelleg ze sin, en ass iwerzeegt ongerechterweis verurteelt gin ze sin fir eppes wat en net verbrach hätt.
Hie versicht mat aneren Affekoten t'Affair fresch opzerullen. Seng Affekoten wessen net op den Dossier eppes hiergett fir t'Sach nei unzekuebelen viru Geriicht. Si froen eng Kopie ze kre'en vum Dossier, wéi soss soll ee wessen wat am Dossier ass?
Hei t'Antwert vum Parquet : Eng Kopie ze man vum Dossier wär ze opwendeg an ze deier!
Vergiesst net léif Nolauschterer datt et deeselwechte Parquet wor den am Prozess t'Uklo gefouert huet, eng Stroof, an desem Fall liewenslänglech, gefrot huet a vum Gericht kritt huet.
Zweemol ass also schons de Parquet hei opgetrueden. Mee dat ass net alles, mir wärten en nach eng drett Ke'er begéinen.
t'Gesetz geseit fir datt e Gefangenen, och een den liewenslänglech kritt huet, no enger gewesser Zeit seng Stroof kann aménage'ert kre'en, respektif verkiirzt kre'en an also och aus dem Prisong entloos ka gin. Ween décide'ert heiriwer? Et kennt e mengen dest wär eng onofhängeg Instanz. Weit gefeelt. Nees eng Ke'er ass et de Parquet. Dir mengt dat kennt net sin, dee wär befangen. Eh bien dir huet Onrecht, t'Gesetz vertraut och des Décisioun dem Parquet un. Dir kennt de Prinzip datt um Gericht kontradiktoresch diskute'ert gett, dat heesscht de pro an de kontra gett vun denen jeweilegen Parteien virgedron. Fier den Aménagement vun der Stroof ass dat net de Fall: hei decide'ert de Parquet ganz aleng: keng Partie concernée weit a breet wann déi Härschaften eng Décisioun huelen. Si age'eren wéi e Gericht, mee am Ennerscheed zu engem Gericht ass géint hier Decisioun keen Appel méiglech. Wat si décide'eren ass lescht Wourecht. Souguer eng Motivatioun vun hierer Décisioun erspueren se sech!
Ass den Numm vum Verurteelten vu Wichtegkeet? Ech déit mengen net onbedengt. Well den Här Guy Peiffer mer ausdrecklech erlabt huet hien ze erwähnen ass dat heimat geschitt.
Eng lescht Fro beschäftegt mech nach: firwat gett des Situatioun vum Här Peiffer vun der Press, der ganzer Press, systematesch verschwiegen? Huet e Verurteelten net och Recht op eng fair Behandlong !
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire