mardi 21 juin 2011

Haut a muer,

Haut feiere mer an Stat an Land!
Haut ka jiddereen bei de Feieren derbài sin: ob arm oder reich, ob al oder jonk, matt Letzebuerger Pass oder aus engem anere Land, op Flüchtling oder sans papier: nömme Kranker a Gefangener bleiwen ausgeschloss.

Matt deem freien Dag vu muer kann
haut jiddefalls drop lass gefeiert gin. Wat gëtt gefeiert? Weess jiddereen den vun haut bis muer Party mecht, datt dem Grand Duc sein Gebuertsdag gefeiert gett ? Egal wéi, haut wärt niewt Sylvester den Dag sin wou am meeschten gefeiert gett. Am Ennerscheed zum 31. Dezember ass bestëmmt méi e groussen Mix vun Bevëlkerong heizuland op de Been, ass och en gudden Deel Grenzgänger matt derbäi zu Letzebuerg.

Zesumme schaffen an zesummen feieren, flott wär et wann dat méi oft kennt sin, wann et méi Méiglechkeeten a Geleeënheeten géif fir iwer t'Arbecht ewech zesummen ze sin. Zesummengehéiregkeetsgefill wor eng Charakteristik vun Letzebuerg: mat méi Awunner, mat méi neien Awunner, mat villen Dagesgäscht déi heihin schaffen kommen, funktionnéiert dat Zesummensin net emmer ganz vum selwen. Raison de plus fir et haut ze zelebréieren!

No haut kennt muer: während déi eng midd, vleicht matt engem decke Kapp raschten, paradéiert dat offiziellt Lëtzebuerg an d'Kathedral a gett sech e martialeschen Air virum Rousegärtchen.
Hei gett déi multikulturell Gesellschaft just sichtbar duerch Ambassadeuren aus aller Welt, de Josy an de José vu Lëtzebuerg si just Zuschauer.
Och an de Rezeptiounen am Palais kritt een en Bild vun der Letzebuerger Gesellschaft dat meileweit vun der Lëtzebuerger Réalitéit ewech ass: nëmme Vertrieder vum Walvollek dierfen eran. Si sin legitiméiert vun engem ëmmer méi klengen Deel vun der Bevëlkerong an en nach manner groussen Deel vun den Aktiven an dësem Land.
Wann 1919 dat allgemengt Walrecht fir Letzebuerger agefouert gouf wor dat am Kader vum Nationalstaat. Haut ass Lëtzebuerg e Land gin datt drop ugewisen ass datt seng Resident'en, all seng Resident'en an seng Aktiver, egal wou se wunnen, sech matt hiere Widdersprech an ënnerscheedlechen Interessen, hieren eventuellen sozialen Géigensätz friddlech an demokrtatesch auserneen setzen.

Net zulescht soll en de bestehenden Malaise bei enger Rei Einheimeschen eescht huelen statt si de Ratefänger aus dem brongen Eck ze iwerloosen.
Eng Rei Landsleit fannen sech nët méi richteg doheem an enger Welt déi mega changéiert a ganz komplex gin ass. Si warden ëmsoss dat Politik a Politiker erklären ëm wat et get, ZB dat mer muer nach méi Auslänner brauchen wéinst Demographie an Ekonomie an domat fir de bien être vun och denen déi sech matt dem Friemen schwéier din.
Méi Demokratie hëlt kengem eppes ewech.
Zesumme feieren fir zesummen ze liewen!

Serge Kollwelter carte blanche RTL 22 Juni 2011

Aucun commentaire: