jeudi 15 septembre 2011

Gläich Behandlung!



Vrun engem Joer gouf en neie Modus fir finanziell Hëllefen fir Héichschoulstudenten agefouert.
Ufanks gouf et duergestallt als Spuermoossnam, well et ab 18 Joer Schluss ass mat Kannergeld an domat gi Kanner vun Grenzgänger ausgespuert bei de Studiebäihëllefen.
Nodréiglech gëtt et duergestallt als eng Moossnam fir méi jonk Leit ze motivéieren op t'Uni ze goen. An dem Gebitt wären t'Nopeschlänner zoustänneg fir hiren Kanner, also och fir Kanner vun de Grenzgänger ze hëllefen, net Lëtzebuerg. Op t'Regierung domat op Dauer duerchkennt wärten déi nächst Méint weisen, wann Verwaltungsgeriicht an Europäesch Kommissioun entscheede wäerten ob dës Massnahm konform zum europäeschen Recht ass.
Loosse mer nach festhalen datt t'Geld elo direkt de Studenten ausbezuelt gëtt, si domadder méi responsabiliséiert gin.
Wat ze kréien ass vun Montant'en ass ganz honorabel: fir e Joer huet de Jonken Recht op 13 000 Euro, hallef Bourse, hallef Prêt. Hei gëtt net gekuckt wat t'Akommes vun den Elteren ass.
Am Sozialalmanach vun der Caritas gëtt eng interessant Rechnung gemat, e Vergläich tëscht där aler an der neier Form vun Hëllef.
Jiddereen kritt also dat selwecht: méicht dat och dat selwecht aus fir jiddereen?
Fréier krut eng Famill mat engem Joresakommes vun 26 000 Euro fir e Student eng Zomm vun 10250 Euro cash: Kannergeld, allocation de rentrée scolaire, Kannerboni a Bourse. Dobäi koumen nach ronn 4000 Euro Prêt. Haut kritt e Kand aus därselwechter Famill cash 6500 Euro, also ronn 3 500 Euro manner. Jo, jo, jo de Jonken aus där Famill kritt nach emol souvill Prêt, den natierlech zréckzebezuelen ass. Am Total ronn 1 200 Euro manner , an ronn 2 500 Euro pro Joer méi zréckzebezuelen.
Jiddereen gëtt also gläich behandelt heescht et, déi kleng Leit do mierken am Portemonnaie wat dat fir si bedeit.
T'Gesetz gouf am Summer 2010 am Hauruckverfahren gestemmt, trotz engem kriteschen Avis vun der Chambre des Salariés.
Wann et drëm geet méi Jonker op héiger Studien ze kréien, dann gëllt dat net fir Kanner vun Mindestlounempfänger : si gin jo gläich behandelt!
Och mat 40 000 Euro Joresakommes geet et méi schlecht fir Kanner aus dem Stot!
All Kanner si gläich, hun dofir op emol all Familljen dat selwecht Akommes? Vun deenen 2 "S" - parteien, CSV an LSAP huet nëmmen 1 Deputéierten, aus der CSV, géint dat Gesetz gestemmt .
Mee t'Chamber huet sech jo virgeholl no engem Joer e Bilan ze man. De Moment wärt jo hoffentlech net an der Euphorie verpasst gin!
Vläicht entdecken eis "S"-leit hier sozial Séil a besseren hei no?

Carte blanche
16. September 2011
Serge Kollwelter

Aucun commentaire: