Virspan :
Bei der Diskussioun ëm t'Schoulreform gëtt et
ëmmer méi schwéier erauszefannen ëm wat et deenen engen an
deenen aneren eigentlech geet.
Ech ginn t'Gefill net lass, datt bei der Schoulreform vläicht eng Etapp iwwersprongen gouf, an zwar e gemeinsamen Diagnostik vun der jëtzeger Situatioun ze man.
Wann ausser deenen déi ni an näischt änneren
wëllen, en breeden Accord zu Stan kéim fir
erauszeschielen wou Handlungsbedarf ass, da kéim et zu enger
interessanter Diskussioun wat ze man wär. Do kéimen bestëmmt
ënnerschiddlech Léisungsvirschléi op den Dësch, me - ech dreemen e beschen- eben
Léisungsvirschléi, we weess souguer vläicht
Konzepter, e Wellen géif sech kristalliséieren kennen fir
duerch Pilotprojet'en sech no vir ze taaschten.
Datt mer vill Schoulofgänger ouni Qualifikatioun
hunn, gesäit net jiddereen, se sinn jo net méi do!
Datt mer eng Schoulbevölkerong hun déi bannent 30 Joer an groussem Moos geännert huet, ass gewosst an dat net nëmmen wat de Kanner a Jugendlechen hiren Pass ubelaangt, me och wat haut an hei sech am Ëmfeld an am Dagdeeglechen fir déi Jonk geännert huet.
Datt mer eng 10 000 Schüler aus Lëtzebuerg hun, déi net an
t'ëffentlech Schoul gin, an also dem Integratiounspotential vun eiser Schoul
entwëschen, ass eng Réalitéit, och wann se kaum zur Kenntnis
geholl gëtt.
Datt sech déi austriedend Enseignantsgeneratioun an de 70er Joer
Chancëgläichheet fir Aarbechterkanner op de Fändel geschriwwen
hat, ass keen Thema méi.
Datt mer léiwer op den schéissen den ons seet
datt eis Schoul sech schwéier deet op sozial Ongläichheeten
anzewierken, an dësem Fall déi béis OCDE, woubäi mier des Fro selwer
genësserlech säit laangem ausgeklamert haten.
Datt an der bestehender Schoul t'Enseignant'en
reusséiert hun, liicht jidderengem an,
dat kann dach awer net Ursaach genuch sin fir un där Schoul
näischt ze änneren.
Datt mir souvill Zäit op Sproochen verwennen, an
eis Schüler sech sou schwéier dunn an deenen Sproochen ze
schwätzen, gett net thematiséiert.
Datt eis Jonk sozial segregéiert gin ab 12 Joer, hei déi aus
besserem Milieu an de Classique, do déi aus méi
schwaachem Milieu – op Lëtzebuerger oder
Auslänner- an den Technique, stéiert manifestement
keen. Ween vum tronc commun schwätzt, get wéi en Ausserierdeschen
behandelt : schliisslech sollen jo déi bestehend Eliten an dat bestehend Machtverhälnis net gekippt gin !
Datt et géif Sënn man an onser ëmmer méi heterogener Gesellschaft jonk Leit bis
soe mer 16 Joer zesummen an enger Schoul ze hunn, en Alter wou
sech hier Perséinlechkeet erausschielt. Esou kéinten
Relatiounen opgebaut ginniwwer sozial Grenzen eraus, dierft en
dat net thematiséieren, oder ?
Ech entschëllegen mech villmools net an déi
jëtzeg Diskussioun agegraff ze hunn, vläicht liewen ech an
enger anerer Welt.
Ech wollt zum Schluss nach engem Expert t’Wuert
ginn :
Zitat : « t’Jugend vun haut huet de Luxus gär, se
huet schlecht Manéieren, se uergt keng Autoritéit, huet kee
Respekt vrum Alter a braddelt amplaz ze schaffen.
Jonk Leit widderspriechen hiren Elteren,
schwadrounéieren an der Gesellschaft, stierzen sech op den
Dessert, leeën t’Been iwwerteneen an tyranniséieren hier
Enseignant’en. » Enn vum Zitat.
Den Expert huet vrun 2 500 Joer gelieft an sein
Numm ass Sokrates
RTL Carte blanche 3 Februar 2012 serge kollwelter
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire