Cb 4 mars 2013
Serge Kollwelter Wahlen ouni Wieler ?
Virspan
Vru kuerzem war dervun riets
t’Europawahlen nächst Joer Enn Mee ofzehalen. Schonns gouf kritiséiert dat géif
an Päischtvakanz falen, ass wéi wann nach net gewosst wär datt et och Bréifwahl
gëtt. Mee zu dem Termin mengt de Serge Kollwelter géif et vläicht nach eppes
aneres ze vermellen.
Fréijoer 2014 ginn ech dann nees wielen, fir t’aachte Kéier säit 1979 kréien
ech dann am Wahlbüro zwee Stëmmziedelen ausgehändegt. Wochen a Méint
virdrun left eng Campagne fir t’Chamberwahlen. Dir wësst alleguer fir wat den
2. Stëmmziedel ass, hei geet et ëm t’Europawahlen. Hat en an deene Wochen a
Méint virdrun jeemools iwwer des Wahlen eppes héieren? Nu ass jo ze
verstoen datt bei eis Chamberwahlen méi Platz anhuelen, t’Europaparlament weit
ewech ass an net einfach ze suivéieren. Vläicht wësse mer och net richteg wat
do leeft, woufir dëst Parlament zoustänneg ass. Loosse mer eis dat e beschen méi genau
ukucken. 70 % vun de Gesetzer déi eis Chamber stëmmt kommen vun europäeschen
Gesetzer, dat heescht si sin vum Europaparlament a vum Ministerrot vun der Unioun gestemmt ginn a
mussen an nationaalt Gesetz ëmgesat gin : 70 %. Bleiwen
oder also no Adam Riese 30% déi nëmmen matt eisen nationalen Begebenheeten zu dinn hunn. Wa
mer lo drun denken wat eis an enger Wahlcampagne zougemutt gëtt a wouriwwer net
oder sou gutt wéi net geschwat gëtt, musse mer eis do net e beschen verschaukelt virkommen :
Exklusiv iwwer déi 30 % vun dem wou eis Chamber ze befannen huet ze schätzen an
näischt iwwer déi 70 % vum Europaparlament. Mir sollen sécher iwwer eis
Parteien a Kandidaten fir t’Chamber diskutéieren, wënschenswäert souguer iwwer
hier Programmer. Et kann dach awer net sinn datt t ‘Opmierksamkeet fir Europa just dauert vun dem Moment wou mer den 2. Stëmmziedel
an t’Hand gedreckt kréien bis zu dem Moment
wou mer en an t’Wahlurn werfen. Oder ? Dann ass jo elo dervu Rieds europawäit
t’Wahlen fir t’Europaparlament Enn Mee ze man. Tip top, da kënnte mer jo 2 getrennten
Terminer erausschloen : Enn Mee fir Europa, an dem Gesetz no Ufanks Juni
fir eis Chamber. Wat en Opwand fir innerhalb vun 2 oder 3 Wochen zweemol wielen
ze goen. Firwat net déi 2 Terminer nach méi auserneen leeën an 2 getrennten
Wahlcampagnen maachen : eng fir déi 30% an eng fir déi 70%. Gett ze
deier ! héieren ech schonns vun hei an do. Ass et eis ze deier ze wëssen
wourëms et geet ? ze deier eis matt Europa ausernenzesetzen ? ze deier gewuer ze ginn wat eis fir 70% servéiert gëtt ?. Kee
Gesetz ass néideg. T’Chamber léist sech selwer Ufanks 2014 op an da sin
National Wahlen am Mäerz. Wa mer
eemol dee Rhythmus hunn muss e mer e bäibehalen well jo all 5 Joer frësch
gewielt gëtt. Ech wetten matt iech datt dëst net geschitt : fir wat sollen
eis Deputéierten dann hier Amtszäit emol ëm 3 Méint kierzen ? dach net
wéinst Europa ! Et ass dach sou schéin bedaueren ze kennen wéi
schwiereg et ass iwwer Europa ze vermëttelen statt e richtegen, eegenen
Wahlkampf iwwer Europa ze man !
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire
Remarque : Seul un membre de ce blog est autorisé à enregistrer un commentaire.