mercredi 16 octobre 2013

60 Deputéierten .... fir Europa!


Carte blanche 16.Oktober 2013  serge kollwelter

 VIRSPAN :

An senger Carte blanche bemängelt de Serge Kollwelter t’quasi Absenz vun der Europapolitik an der jetzeger Walkampagne. Hie moost der Chamber eng wichteg Roll an der europäescher Gesetzgebung zou a mengt déi 60 Gewielten wären och fir Europa zoustänneg.

60  Deputéierten …och  fir Europa !

Neen ech hu mech net geiert, e Sonnden ginn net Deputéierten fir t’Europaparlament gewielt, dat geschitt eréischt am Mee 2014.  
Mee di 60 Fraen a Männer déi e Sonnden vun 44 % vun der Bevëlkerung wäerte bestëmmt ginn  fir 5 Joer laang Gesetzer ze maachen an t’Regierung ze kontrolléieren, hunn och eng immens wichteg Roll  an der Europapolitik.
Mir wësse jo datt et um Niveau vun der EU Gesetzer genannt Direktiv oder Reglement vun 2 Organer  gemaacht  ginn : vum Europaparlament an dem EU-Ministerrot an dem all Land mat engem Minister vertrueden ass.
Wou ass de lien matt eiser Chamber ? Eh bien fir Lëtzebuerger Politik ass all Minister onsem Parlament Rechenschaft schëlleg. Bei Europapolitik ginn a kommen eis Ministeren an en EU Conseil ouns datt eis Parlament virdrun weess wat se dohin vertriede ginn, ouni den Oflaf vun den Debatten an deem Ministerrot  ze kennen an dann herno just zur Kenntnis huelen däerf wat do beschwat, respektiv decidéiert gouf.
Et geet hei net ëm de Virwëtz, wann e bedenkt datt 70% vun eisen Lëtzebuerger Gesetzer aus der Ëmsetzung vun europäeschen Direktiven an Reglementer bestinn. Welleche souci, welleche suivi widmen ons 60 Parlamentarier dem europäeschen Gesetzgebungsprozess ?
Et gëtt keen Gesetzgeber europaweit deen souwéineg transparent ass wéi den EU-Ministerrot. Dat hänkt och domatt zesummen mat där Art a Weis wéi déi national Parlamentarier hier Ministeren gewäerde loossen an dann um Enn feststellen datt si nach just t’Flicht hun t’Resultat an hiert nationaalt Gesetz ëmzesetzen. Ze spéit fir eppes ze änneren !
Gewëss de Vertrag vu Lissabon huet eng Neierong ageféiert : wann t’Europäesch Kommissioun e Gesetzvirschlag op den Dësch leet kann all nationaalt Parlament soen op et der Meenung ass datt déi Initiativ der EU zousteet oder eng Äntwert um Landesplang soll fannen.  Wann déi inhaltlech Diskussioun iwwert e Projet de directive bis lassgeet am Europaparlament an am EU Ministerrot, bleiwen eis Lëtzebuerger Deputéierten an de Kabinnen.
Dee geréngen Interessi vun der Chamber dréckt sech och an de Wahlprogrammer aus. Ech hu keng Spuer fonnt wou eng Partei gesot hätt t’Ministeren missten der Chamber Rechenschaft ofléen wat si am Numm vun der Chamber an domat vum Land, am EU-Ministerrot vertrieden. Dobäi gëtt et eng sollech Praxis an Holland oder Dänemark zB  wou de Minister vu sengem Parlament e Verhandlungsmandat kritt a Rechenschaft ofzeléen huet wat am Rot geschitt an decidéiert gouf.
Eu – politik konkrétiséiert sech an den Memberstaten, ons Chamber kann net einfach fir  70% vun de Gesetzer op Tauchstation goen. Schout datt dest net zur Diskussioun stong an onsem letzebuergesch-europäeschen Wahlkampf !

Aucun commentaire: