Carte blanche 16.Oktober 2013 serge kollwelter
VIRSPAN :
An senger Carte blanche
bemängelt de Serge Kollwelter t’quasi Absenz vun der Europapolitik an der
jetzeger Walkampagne. Hie moost der Chamber eng wichteg Roll an der
europäescher Gesetzgebung zou a mengt déi 60 Gewielten wären och fir Europa
zoustänneg.
60 Deputéierten …och fir Europa !
Neen
ech hu mech net geiert, e Sonnden ginn net Deputéierten fir t’Europaparlament
gewielt, dat geschitt eréischt am Mee 2014.
Mee
di 60 Fraen a Männer déi e Sonnden vun 44 % vun der Bevëlkerung wäerte bestëmmt
ginn fir 5 Joer laang Gesetzer ze maachen an t’Regierung ze
kontrolléieren, hunn och eng immens wichteg Roll an der Europapolitik.
Mir
wësse jo datt et um Niveau vun der EU Gesetzer genannt Direktiv oder Reglement
vun 2 Organer gemaacht ginn :
vum Europaparlament an dem EU-Ministerrot an dem all Land mat engem Minister
vertrueden ass.
Wou
ass de lien matt eiser Chamber ? Eh bien
fir Lëtzebuerger Politik ass all Minister onsem Parlament Rechenschaft schëlleg.
Bei Europapolitik ginn a kommen eis Ministeren an en EU Conseil ouns datt eis
Parlament virdrun weess wat se dohin vertriede ginn, ouni den Oflaf vun den
Debatten an deem Ministerrot ze kennen an dann herno just zur Kenntnis
huelen däerf wat do beschwat, respektiv decidéiert gouf.
Et
geet hei net ëm de Virwëtz, wann e bedenkt datt 70% vun eisen Lëtzebuerger
Gesetzer aus der Ëmsetzung vun europäeschen Direktiven an Reglementer bestinn. Welleche souci, welleche suivi widmen ons 60 Parlamentarier dem
europäeschen Gesetzgebungsprozess ?
Et
gëtt keen Gesetzgeber europaweit deen souwéineg transparent ass wéi den
EU-Ministerrot. Dat hänkt och domatt zesummen mat där Art a Weis wéi déi
national Parlamentarier hier Ministeren gewäerde loossen an dann um Enn
feststellen datt si nach just t’Flicht hun t’Resultat an hiert nationaalt Gesetz ëmzesetzen.
Ze spéit fir eppes ze änneren !
Gewëss
de Vertrag vu Lissabon huet eng Neierong ageféiert : wann t’Europäesch
Kommissioun e Gesetzvirschlag op den Dësch leet kann all nationaalt Parlament
soen op et der Meenung ass datt déi Initiativ der EU zousteet oder eng Äntwert
um Landesplang soll fannen. Wann déi inhaltlech Diskussioun iwwert e
Projet de directive
bis lassgeet am Europaparlament an am EU Ministerrot, bleiwen eis Lëtzebuerger
Deputéierten an de Kabinnen.
Dee
geréngen Interessi vun der Chamber dréckt sech och an de Wahlprogrammer aus.
Ech hu keng Spuer fonnt wou eng Partei gesot hätt t’Ministeren missten der
Chamber Rechenschaft ofléen wat si am Numm vun der Chamber an domat vum Land, am
EU-Ministerrot vertrieden. Dobäi gëtt et eng sollech Praxis an Holland oder Dänemark zB wou de Minister vu sengem Parlament e
Verhandlungsmandat kritt a Rechenschaft ofzeléen huet wat am Rot geschitt an decidéiert gouf.
Eu – politik konkrétiséiert
sech an den Memberstaten, ons Chamber kann net einfach fir 70% vun de
Gesetzer op Tauchstation goen. Schout datt dest net zur Diskussioun stong an
onsem letzebuergesch-europäeschen Wahlkampf !
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire
Remarque : Seul un membre de ce blog est autorisé à enregistrer un commentaire.