lundi 25 avril 2016

De Ball spillen wann iech gliwt!

Aleedung :
Deejéinegen den matt Begeeschterung Steieren bezilt gëtt et wuel net . Woubäi déijéineg déi vill Steieren ze bezuelen hunn sech net em e klengt Akommes ze bekloen hunn!   A senger carte blanche mengt den Serge Kollwelter bei dem Prozess vun den lanceurs d’alerte géif net de Ball gespillt ginn, mee d’Spiller gefoult ginn.

De Ball spillen wann iech gliwt!

Bei all Steiererklärung an Steierdécompte weess ech jo als Pensionär dass do net nëmmen déi haiteg Aktiv fir mech cotiséieren, mee  och den Staatsbudget, also eis Steiergelder, fir en Drëttel beiléen.

Och Firmen a Gesellschaften si wéi den Eenzelnen net begeeschtert Steieren ze bezuelen. Datt si fir hier Steiererklärungen op Spezialisten zréckgräifen ass bei der oft komplexer Situatioun ze verstoen. Datt des héichkarätech Experten dann alles Méigleches maachen fir hirem Client Steieren ze erspueren ass eng Saach, wann dat wéi Luxleaks et gewisen huet derzou féiert datt grouss international Firmen just e puer Prozent Steieren bezuelen, während de Bäcker an den Metzler em den Eck nëmmen vun esou Taux’en dreemen kënnen! Datt wär alles legal, heescht et! Et woren also Parlamentarier déi esou Gesetzer gemaacht hunn an domat dat erlaben. Ass dat dofir iwwer all Zweiwel erhaben? Milliounen a Milliarden Steieren evitéieren heescht jo näischt Aneschtes ass wéi déi aus dem Circuit huelen den der Allgemengheet zousteet: manner Steieren heescht manner Infrastrukturen, manner gutt Schoulen, manner Pensiounen, asw. An dat net nëmmen hei, mee och anerwäerts. Dofir kommen déi Firmen jo op Lëtzebuerg an eng Bréifkëscht wunnen!
Geahnt gouf sou Munneches, gewosst ass seit dem lanceur d’alerte Antoine Deltour an dem Journalist  Edouard Perrin Allerhand iwwer Lëtzebuerg. Beweegt huet  dat schonns so Munneches: Spezialkommissioun am EP, Drock fir Harmoniséierung an domat e beschen méi Steiergerechtegkeet Eu-weit, alles dat wär net ouni Luxleaks zu stan komm.
Muer gëtt dann deenen 2 Leit zu Lëtzebuerg de Prozess gemacht. Net de Prozess iwwer Steierbedruch oder Steieroptiméierong wéi dat da gär genannt gëtt, mee viru Geriicht stinn déi 2 déi derzou beigedroen un dest  ëffentlech ze machen. Net de Message, den Messager ass am Kräizfeier vun der Justiz. Dobäi krut  den Antoine Deltour vum EP de Preis  vum Europäeschen Bierger 2015.
Villes huet hien beweegt, lo steet e virun engem Lëtzebuerger Geriicht grad wéi den Journalist Edouard Perrin. Den Interessi vun der Allgemengheet ze wëssen wéi hei Steieren legal manipuléiert goufen schéngt net an t’Gewiicht ze falen. Hei gëtt net den Ball gespillt, hei ginn t’Spiller gefoult!

Haut den Owend am Casino zu Bouneweg wärten eng ganz Rei Leit, Journalisten, Mënscherechtler an Europaparlamentarier zu dësem Thema informéieren an hier Solidaritéit matt deenen 2 Ugekloten weisen. Rendez - vous ab hallwer 7.

carte blanche RTL 25.04.2016

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire

Remarque : Seul un membre de ce blog est autorisé à enregistrer un commentaire.