Aleedung :
Deejéinegen den matt Begeeschterung Steieren bezilt gëtt et wuel net
. Woubäi déijéineg déi vill Steieren ze bezuelen hunn sech net em e
klengt Akommes ze bekloen hunn! A senger carte blanche mengt den
Serge Kollwelter bei dem Prozess vun den lanceurs d’alerte géif net
de Ball gespillt ginn, mee d’Spiller gefoult ginn.
De Ball spillen wann iech gliwt!
Bei all Steiererklärung an Steierdécompte weess ech jo als Pensionär
dass do net nëmmen déi haiteg Aktiv fir mech cotiséieren, mee och
den Staatsbudget, also eis Steiergelder, fir en Drëttel beiléen.
Och Firmen a Gesellschaften si wéi den Eenzelnen net begeeschtert
Steieren ze bezuelen. Datt si fir hier Steiererklärungen op
Spezialisten zréckgräifen ass bei der oft komplexer Situatioun ze
verstoen. Datt des héichkarätech Experten dann alles Méigleches
maachen fir hirem Client Steieren ze erspueren ass eng Saach, wann
dat wéi Luxleaks et gewisen huet derzou féiert datt grouss
international Firmen just e puer Prozent Steieren bezuelen, während
de Bäcker an den Metzler em den Eck nëmmen vun esou Taux’en dreemen
kënnen! Datt wär alles legal, heescht et! Et woren also
Parlamentarier déi esou Gesetzer gemaacht hunn an domat dat erlaben.
Ass dat dofir iwwer all Zweiwel erhaben? Milliounen a Milliarden
Steieren evitéieren heescht jo näischt Aneschtes ass wéi déi aus dem
Circuit huelen den der Allgemengheet zousteet: manner Steieren
heescht manner Infrastrukturen, manner gutt Schoulen, manner
Pensiounen, asw. An dat net nëmmen hei, mee och anerwäerts. Dofir
kommen déi Firmen jo op Lëtzebuerg an eng Bréifkëscht wunnen!
Geahnt gouf sou Munneches, gewosst ass seit dem lanceur d’alerte
Antoine Deltour an dem Journalist Edouard Perrin Allerhand iwwer
Lëtzebuerg. Beweegt huet dat schonns so Munneches:
Spezialkommissioun am EP, Drock fir Harmoniséierung an domat e
beschen méi Steiergerechtegkeet Eu-weit, alles dat wär net ouni
Luxleaks zu stan komm.
Muer gëtt dann deenen 2 Leit zu Lëtzebuerg de Prozess gemacht. Net
de Prozess iwwer Steierbedruch oder Steieroptiméierong wéi dat da
gär genannt gëtt, mee viru Geriicht stinn déi 2 déi derzou
beigedroen un dest ëffentlech ze machen. Net de Message, den
Messager ass am Kräizfeier vun der Justiz. Dobäi krut den Antoine
Deltour vum EP de Preis vum Europäeschen Bierger 2015.
Villes huet hien beweegt, lo steet e virun engem Lëtzebuerger
Geriicht grad wéi den Journalist Edouard Perrin. Den Interessi vun
der Allgemengheet ze wëssen wéi hei Steieren legal manipuléiert
goufen schéngt net an t’Gewiicht ze falen. Hei gëtt net den Ball
gespillt, hei ginn t’Spiller gefoult!
Haut den Owend am Casino zu Bouneweg wärten eng ganz Rei Leit,
Journalisten, Mënscherechtler an Europaparlamentarier zu dësem Thema
informéieren an hier Solidaritéit matt deenen 2 Ugekloten weisen.
Rendez - vous ab hallwer 7.
carte blanche RTL 25.04.2016
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire