Dir fuert an Agypten an t'Vakanz. Wéi steet et mat engem Visa? Kee Probleem als Letztebuerger an als Europäer kritt der en ouni weideres um Flughafen dohannen bei ärer Arrivée.
Dir huet am Summer Bekanntchaft gemat matt engem Agypter (gett et jo och an den Touristenzentren) a wellt hien fir Chreschtdag op Letzebuerg bei iech alueden . Denkt iech neischt schlechtes derbei an hut keng Ahnong wat op iech duerkennt.
Vleicht stousst der deser Deeg wou souvill vun Menscherechter rieds ass op den Artikel 13 vun der Menscherechtserklärung deen do seet
All Mensch huet d'Recht fir all Land ze verloossen, och säin egent, an nees a säi Land heemzekommen.
Klengt gudd, oder? Are potentielle Gaascht geet sech e Visa fron: dofir fiert hien 300 km op Kairo an déi belsch Ambassade. Leider hat dier en net gewarnt respektiv genug informe'ert. An där Ambassade gett hie gewuer datt hien eng schreftlech Aluedong vun iech brauch. datt hien eng Erklärong vun iech braucht datt dir fir hien opkommt a gegebennenfalls seng Reckrees bezuelt. Den Ali geet heeem, freet iech déi Pobeieren, dir faxt him se. Hie fiert stolz op Kairo zreck, fir do gewuer ze gin vun de belsche Beamten datt en t'Originale brauch. E puer Deeg drop huet hien des Originalen vun Iech gescheckt krut Nees get et lass Richtong Kairo; hie kennt de Wee sou lues. Des Ke'er ass alles ok. Den Ali reecht gudden Muts dem Beamten sei Pass fir de Visa. Keen wellt de Pass: hie krit erklärt lo géif alles op Letzebuerg gefaxt gin, do géif Décisioun geholl gin. An e puer Wochen soll en uruffen, da krit e gesoot wou t'Affaire drun ass. No 14 Deeg rifft en un: neischt ze vermellen. Hie rifft iech hei zu Letzebuerg un, dir ömfroot iech am Staater Passbüro wou de Visaprozedur drun ass: hei ass nach neischt aus der belscher Ambassade vu Kairo ukomm.. . Dir git iech net, dir insiste'ert, zou Kairo an der Ambassade erwechen se, de Visa gett ausgestallt, den Ali probe'ert e Flug ze buchen. Pech fir des Chreschtdag alles alles komplett .
Visa kritt e liicht wann en aus engem Land kennt wéi Letzebuerg wou gudd gefellte Visa oder soss Kreditkaarten heefeg sin, Visa ouni Visakaart, Visa vum Süden an den Norden ass alles wéi net evident. Vu gleiche Rechter net ze schwetzen. Artikel 13 vun de Menscherechter bleiwt doudegen Buchstaf.
Dem Joao aus dem Cap vert war et gelongen en Touristevisa fir Letzebuerg ze kre'een. Kuerz vru senger Heemrees gette krnak: hie gett behanldelt, Visafrist leeeft of, t'Spidol mellt dest der Polizei, de Joao kennt an den centre de rétention well en ouni Visa ass. Glecklecherweis mellt secvh seng Famill a kritt hien eraus abrengt en zreck op de Cap Vert. Ass e kee Mensch méi wann de Visa ofgelaaf ass?
Carte blanche RTL 21 November 2008
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire