lundi 22 février 2010

Mat weem eigentlech?



Dir macht e Kontrakt matt engem, et geet öm Geld. Dir vergewessert iech esou oder esou op ären vis à vis fiabel ass. Elementar, oder?
Et géif e mengen, esou wär et och wann de Staat Geld un en Dretten gett. Eng ganz hefeg Formel ass déi vun enger Konventioun vun der Regierong matt enger Verenegong fir Aktiounen déi des am Interessi vun der Allgemenhet mecht. Sou Verenegongen hun an der Regel t'Form vun enger asbl association sans but lucratif nom Gesetz vun 1928. Sou kre'en si eng juristesch Personalitéit, dat heescht de Verein als solchen ass verantwortlech an net den enzelne Member, de Verein kann handelen, eppes kafen, eng Konventioun ofschléissen. T'Verantwortong leit bei der asbl an net bei den enzelnen Memberen oder Comitésmemberen.
Gin t'Bestömmongen vum 28er Gesetz net beuecht, ass t'Personalité juridique husch. Dat ass dann de Fall, wann eng vun de gesetzlechen Verpflichtongen net respekte'ert get, z.B. all Joer um Registre du Commerce et des Sociétés t'Memberslescht ofzegin, Zesummestellong vum Comité, eventuell Aennerongen vun de Statuten, de finanzielle Bilan. Dest ass licht nozekucken, dir git op den Internetsite vum RCS a kennt do noliesen wéini wellech asbl fir t'lescht hier Dokumenter hannerluecht huet. De Justizminister huet mattgedeelt datt am éischten Semester 2009 vun 7 639 agechriwenen asbl der 1 340 en Dépôt gemat haten. Doraus kann e schléissen datt de Moment ronn 80 % vun den asbl net konform waren, d.h. ouni juristesch Personalitéit. Lo ass dat an éischter Linn dénen jeweilegen Vereiner hier Saach, et riske'ert natirlech echt Auswierkongen ze hun soll esou e Verein e Problem kre'en, zB op engem Fest wou en Accident geschitt an et dem Verein seng Responsabilitéit ass: de Moment wou et de Verein juristesch net gett, kennen déi enzel Memberen verantwortlech gemat gin. T'Allgemengheet get dat neischt un, all Member vum Verein kann dat awer deier ze ston kommen. Et geet awer t'Allgemenhet eppes un wan de Staat mat pseudo - asbl 'en Konventiounen mecht, pseudo well se net konform sin an eigentlech net kontraktfäheg sin. Paradoxerweis freet den Staat bei enger asbl, déi am Kannerbereich schafft, en Extrait aus dem Casier judiciaire vun all Comitésmember, ouni sech ze vergewesseren op t'asbl als sollech en règle ass.
Huelt äre Computer zur Hand a surft mat mir um RCS site. Mir kucken eis e puer konventionne'ert asbl'en un.
Beim Familjeministär sin 30 Foyers de jours fir Kanner önner 4 Joer konventionne'ert: bei 13 ass Träger - asbl net mam Gesetz konform!
Beim Sportsministär steet de Comité Olympique et Sportif am Budget: des asbl huet hiere leschten Dépôt 2006 gemat.
Dir kennt de Casino aus der Enneschtgaas, et ass eng asbl vum Kulturministär finanze'ert, ken Dépôt méi seit 2006.
Eng sellech Ententes touristiques gin vum Tourismusministär ennerstezt: ech huelen déi 8 éischt eraus: keng ass konform.
Den Office luxembourgeois d'accueil et d'intégration huet eng Konventioun matt enger Verenegong déi dem Numm no en "comité d'aide aux associations" ass, des asbl huet dem RCS neischt gemellt seit 2007.
Weem hei Virwerf man: dem den net an der Rei ass, oder dem den Geld gett un en den net an der Rei ass: Steiergeld!

Serge Kollwelter, carte blanche RTL 22 Februar 2010

Aucun commentaire: