Viru kuerzem huet de Staatsminister festgestallt och zu Lëtzebuerg wär déi rietsextrem Gedankewelt dohem. Hien huet och ausdrécklech den Internet Site vun RTL erwähnt. Virop eng Präzisioun: am Kader vun der Meenungsfräiheet mussen all Meenungen sech ausdrécken kennen. Datt et an enger durchwuessener Gesellschaft wou 2/3 vun den Aarbechten vun Auslänner gemat ginn, sech eng Rei Lëtzebuerger net wuel fillen, muss een eescht huelen. Si mer schons sou weit op den Hond komm datt mer t'Anonymitéit - déi mer op engem Plateau offre'ert kréi'en- benotzen fir eis Loft ze man? Wa verschidde Leit, wéi ech selwer, de Privileg hun sech dierfen op dëser Antenn frei auszedrécken, mussen selbstverständlech och déi aner Leit t'Méiglechkeet kre'en sech auszedrécken. Lieserbréiwer an der geschriwwener Press sinn an der Regel mat Numm ënnerzeechend. Wann een am privaten Gespréich seng Menong seet weess de vis-à-vis jo mat weem en et ze dinn huet, et kuckt en him an t'Aen. Fir mech ass e geschriwwenen Kommentar nëmmen dann en mënschlecht Produkt wann den Auteur sech och als Persoun, als Mënsch derzou bekennt. Um RTL site sin Meenungen mat offenem Vise'er äusserst dënn geséit. Wann dem Anonymat e boulevard opgemaach gëtt, ass den Niveau deen vum Kullang an dem tout-à-l'égout.
Léif Nolauschterer déi net mat mir d'accord sinn zu dësem oder zu deem: dir hutt dach méi Courage wéi RTL iech es zoumud, setzt ären Numm ënner är Meenung oder awer spillt weider an der Liga vun de Feiglingen. Hei geet et net an éischter Linn öm Pressegesetz oder wien wellech Verantwortung huet, hei geet et ëm en indispensabelen Meenungsstreit, mä ënner Mënschen déi den Usproch hunn ziviliséiert ze sinn an hirer Meenung net doduerch mengen missen Gewiicht ze gin datt se deem aneren perséinlech ze no trieden an dat verstoppt hanner enger virtueller Burka!
Op Mennungsvielfalt muss hierhalen fir brongem Gedankegut eng Plattform ze ginn ass a leschter Instanz t'Entscheedung vun de responsabelen Redaktiounen.
Oder ass hei eenzeg an eleng ausschlaggebend wéi oft e Site ugeklickt gëtt : wat et do méi héich - oder besser gesot méi niddreg - hiergeet, wat méi Visiteuren um Site, wat méi Publizitéit un de Mann an t'Fra bruecht ka gin.
Dat kann dach net der Debatt hire leschte Sënn sin. Als Net - Journalist ass et net u mir Virschléi ze man wéi en - och haarden - Debat soll animéiert ginn: bei engem face à face, Numm mat Numm gëtt an der Regel jiddereen sech Méi de Ball ze spillen. E faire Match spillt sech net an der Däischtert of, ass en owes, gett den Terrain beliicht. All Match brauch och en Arbiter!
Meenungsfräiheet as zevill kostbar datt se dierf an enger bronger Zoss opgon!
carte blanche RTL 5 avril 2010 Serge Kollwelter
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire