jeudi 2 décembre 2010

"Demokratie an der Schoul"

Den Dag vun de Mënscherechter bréngt de Serge Kollwelter, vu Beruff Schoulmeeschter, derzou seng carte blanche vum 8. Dezember 2010 "Demokratie an der Schoul" ze iwwerschreiwen

Den 10. Dezember ass den Dag vun de Mënscherechter, e Pilier vun der Demokratie. Sécherlech ass de Stand vun de Mënscherechter zu Lëtzebuerg gudd am Vergläich mat munneche Länner op dëser Welt. Bleift t'Fro wéi mer dermat ömgin, wéi mer se versuergen a flegen. Natierlech spillt hei t'Schoul eng grouss Roll. Dobäi kennt et hei net esou drop un déi Texter ze kennen, och wann dat net vun Nodeel ass. Grad esou wéi et sënnvoll ass de Fonctionnement an t'Decisiounsmechanismen vun der demokratescher Gesellschaft ze kennen. Ech déit mengen et kéim virun allem drop un Erfahrongen matt Demokratie ze man, als Kand, als Jugendlechen an zwar an där gesellschaftlecher Struktur wou jiddereen derduerch muss, eben t'Schoul. Heizou gehe'eren Meenongsausenanersetzongen, Verhandelen, Kompromësser sichen. En etlech Gemenge probe'eren dat mat Kannergemengeréit. Wéi steet et dermat an eise Lycéeën? Wéi spiert e jonke Lycéesschüler sech eescht geholl an der Schoul, virun 18 Joer an duerno als vollwäerteg Bierger? Et geet natierlech net dröm de Schüler eppes virzeman, hinne virzegaukelen si sollen iwwer Programm oder Noten matbestëmmen. Wa si awer net an der Schoul als lescht gesellschaftlech Instanz wou se derduerch mussen, t'Erfahrong man datt se eescht geholl gin, hier Meenong zielt, se an en Decisounsmechanismus agebonnen sin, wéi a wéini dann? Dach net nemmen all 5 oder 6 Joer matt engem obligatoresche Walziedel. Demokratie ass dach méi wéi dat, oder iwwerloosse mer se de Berufspolitiker? Ons Riedensaart "seng Stëmm ofginn" , déi op dem Walziedel, heescht jo net 5 oder 6 Joer ofschalten, heescht jo net seng Stëmm net méi benotzen. Welleche Spillraum huet e Lycée an onsem Schoulsystem, welleche Budget? Wéi gëtt de Spillraum genotzt, wéi de Budget ëmgesat? Wéi ginn heibäi déijéineg déi Daseinsberechtegong vun der Schoul sinn, näämlech Schüler matt agebonnen. Et geet net duer 2 Schüler an engem Gremium ze hunn, firwat net t'Reunioune vun dem Conseil d'Educatioun iwwer Internet an all Klassesall iwwerdron? Dat wär Geleeënheet an all Klass lieweg Educatioun civique ze man. Zevill opwenneg? De Software kascht 200 Euro, an eng Webkamera nach emol 50. Zeitverloscht? Demokratie brauch Zeit, Net-Demokratie get méi schnell! Demokratesch Prozesser an engem iwwerschaubare Kader matmaen, analyséieren, déi Gewielten kontrolléieren, kritiséieren a proposéieren.
Dat alles an engem Kader den vum Gesetzgeber geschaf gouf an den et gellt mat Liewen ze fëllen. Demokratie am Alldag oder all 5 oder 6 Joer emol? Demokratie an der Schoul: ouni Praxis eng Theorie niewt villen aneren! Déi rezent ICCS étude weist datt op desem Feld och am internationalen Vergleich zu Letzebuerg soliden Nachholbedarf besteet.

Serge Kollwelter

3 commentaires:

Anonyme a dit…

Que pena... Tentei traduzir o texto com o Google transleter mas não tinha o Luxemburguês! Pensava que o autor, membro da Asti tivesse ao menos a actitude "solidariea" para com os seus "semelhantes" e nos escrevesse em françês. Mas afinal não. È como este paìs, as leis, os sinais de transito são em francês! A porta de entrada da grande CASA democratica luxembourguesa està completamente aberta, escancarada!!
Mas depois as campanhas eleitorais são em luxembourgês!!!
Ao fim das escadas no primeiro andar, acabou a "grande CASA" luxembourguesa...
E depois querem que nòs nos "integremos" quando são eles que nos fecham as portas!!!
Cuidado, pois é no R/C que ficam: a caixa dos esgotos... O quadro elétrico, a central telefonica, a caixa do curreio e o armazem dos produtos de limpeza!!!!
Và là... Faça um esforço, e ponha là o texto ao menos em alemão pois assim jà o posso traduzir com o Google.
Merci!

De alguem que aqui vem pela primeira vez...

serge kollwelter a dit…

Muito obrigado pela reacção.
No que diz respieto ao text: é simplesmente a carta branca que proferiu na RTL no dia 8 de Dzembro.
Vou sem falta nos proximos dias dar uma versao francesa

Serge

serge kollwelter a dit…

#Pour une fois les commentaires de ma carte blanche du site de RTL.

on peut parfois se demander si les gens ont vraiment écouté, sils ont compris ou que mes propos sont à ce point confus: Avous de juger :

Jang (2010-12-10 14:25:41)

@ De Fern

Beweis wannste eppes behaapst oder looss et.

Wann et dat je sollt gi sin dann sin déi Zaiten längst eriwwer.
#

jojo (2010-12-10 13:25:12)

øjhoss muller, loosst éis nit onschëllig kanner responsabel mâchen fîr eng korrupt welt wou näischnotz a bezéihungsopportunismus tounbestêmmend sin.
#

De Fern (2010-12-10 12:14:29)

@ de Monni

Wëi zb. beim Staat .
#

de Monni (2010-12-10 11:33:56)

@ Jos Muller
Bäi deenen Plaatzen déi no Relatioune verdeelt ginn, sinn awer déi allermeescht Plaatzen derer, wou keen oder nët vill Diplom gefroot ass.
#

P. (2010-12-09 20:53:47)

@John-CB,

Wisou dei Aggressiviteit?
Ahhhh, lo verstinn ech, et ass net weinst dem Inhalt, mee nemmen well den Här Kollwetter et schreiwt an een jo als gudden Letzebuerger aus Prinzip eps geint den Här Kollwetter muss hunn.
Ech fannen dei Carte Blance opjiddefall gudd.
#

Jos Muller (2010-12-09 16:21:09)

Dir wäert dach net wëlles hunn de Kanner d'Demokratieverständnis vun onse Parteien beizebréngen. Dat wäer dann dat hei:
Zitat aus "Der Ehrliche ist der Dumme" vum Ulrich Wickert.
"Parteipolitik heißt heute Machtstreben oder -erhalt- und nicht viel mehr. Um die Macht zu erhalten, richten sich politische Entscheidungen nach "Machtfaktoren", die in den wenigsten Fällen den Wähler selbst treffen. Wenn Macht statt Inhalt wichtig ist, dann hat dies auch Einfluss auf die Personalrekrutierung. Denn dann ist Sachverstand nicht mehr so wichtig wie die Zugehörigkeit zu Seilschaften."...
"Zugehörigkeit zu Seilschaften" ass och besonnesch flott. Do géngen d'Kanner da léieren, wéi verschidde Posten an de sougenannten Demokratien verdeelt ginn.
Nämlech no der Chancengläichheet. Dat heescht, wien déi beschte Relatiounen huet an de verlaangte Pisadiplom, dee kritt d'Plaz, a net deen, deen am Kompetensten ass. Dat wär nämlech Chancengerechtegkeet.
A wie wëllt da nach Chancengerechtegkeet, wa bei ons 50% vun de Plazen duerch Relatiounen verdeelt ginn (dee Prozentsaz stong virun e puer Deeg an enger vun onsen Zeidongen)?
#

john-CB (2010-12-08 14:19:26)

Den Här Kollwelter soll daat do de Chinesen,den Iraeli,de Lybier,den Egypter a.s.w. verzielen a nëtt D'Letzeburger mat senge Geeschtesblëtzer nerven.
#

Claude 4you (2010-12-08 11:35:17)


@ de Monni

dier schéint eng éichter "onkomplizéiert" Vierstellung vum konzept vun der démocratie participative ze hun.

Et kann net sinn dat een Démocratie Participative op "Pétitiounen" oder Gesetzesprojets matwielen reduzéiert.

Eng éichter ondémokratesch Astellung !
#

de Monni (2010-12-08 09:41:28)

@ Claude4you

Dir huet wéi dacks recht.
D'Kanner sollen an der Grondschoul schon un "Démokratie participative" gewinnt ginn, genau esou wéi an der Schwäiz. A wann d'Kanner da grouss sinn,da wielen sie e Gesetz fir d'Äuslänner eräus ze geheien.
#

Claude 4you (2010-12-08 08:56:46)


Ech sinn ganz ärer Meenung. Mais, skeptesch waat den proposéierten Afféierungs-Zéitpunkt ubelaangt.

Am Lycée as et baal ze spéit, do sinn schon manch Gleiser gestallt. Déi 6 Joer Grondschoul, denken ech, sinn décisif am Entwecklungsprozess vun der Perséinlechkeet vum Kand an sengen Motivatiounen.

Wann mer eng wierklech Démokratie participative wöllen obbauen an an eiser Kultur wöllen verankeren, dann sollt den Prozess beim klengen Kand unfänken wann d'Kand éicht Schrett mecht an déi sozial Integratioun an een neien Groupe (ausserhalb der Famil), also Crêche oder Précoce.

Dat géif och dozou béidroen dat d'Kand den Integratiounsprozess an déi nei Welt besser begréifen géif an doduerch vier spéider hin eng gréisser Sensibilitéit an Kompetenz um Niveau vun Integratioun an Matbestemmung kéint entweckelen.