Carte Blanche op RTL 15. Abröll 2011
Auteur: Serge Kollwelter
An engem hallwe Joer si Gemengewahlen. Iwwer Joerzéngten ewech kann en en Trend feststellen an zwar deen, datt déi gewielten Gemengepäpp a -Mammen ëmmer manner representativ sinn. Sou ware bei de leschte Gemengewahlen an der Haaptstad nach 40.7 % vun der Bevölkerung Wieler, zu Esch 43,7.
Dem Gesetz no gëtt Zuel vun den Conseilleren op Grond vun der Awunnerzuel festgeluecht. Géif se gerechent ginn op Grond vun der Zuel vun de Wieler wären an der Haaptstad anstatt 27 Conseilleren der just 11 ze wielen, zu Mamer 8 amplaz vun haut 13, zu Esch kéimen anstatt 19 Conseilleren der nëmmen nach 10 zum Zoch a Beckerech hatt der 7 vun 9 ze gutt.
Lo huet jo den Traité vu Maastricht kommunaalt Wahlrecht un EU-Bierger ginn, Lëtzebuerg geet méi wäit nach a gëtt dat Wahlrecht un all Auslänner an erméiglecht hinnen och all gewielt ze ginn an eventuell Buergermeeschter kënnen ze ginn. Souwäit zu den Texter: Mir sti gutt do, besser wéi déi meeschten EU-Memberstaaten.
Alles paletti also wat Theorie ubelaangt. Wéi ass et mat der Realitéit, wéi vill Auslänner sinn dann elo derbäi, wéi vill hu sech ageschriwwen?
Et gi jo regelméisseg opwenneg Campagne gemaach, fir datt Auslänner sech op Wahllëschten androen.
Et muss ee feststellen datt et fir sou Kampagne Sue gëtt, mä leider kee Konzept. Esou ass schonns am November dat lescht Joer vun der Regierung eng Journée nationale d’inscription op den 18. Juni 2011 festgeluecht ginn: deen Samschdeg sollen all Gemengen hir Büroen opmaachen. Bis op den heitegem Dag ass nach heizou keng offiziell Informatioun un d'Gemengen gaang. Minimalen politesche Wëllen ass eppes aneschtes.
Mee kommen mer op de Vertrag vu Maastricht zréck. Hei ass de Prinzip festgeschriwwen, datt den Zougang vum EU-Bierger zum kommunalen Wahlrecht deeselwechten muss sinn, wéi fir déi Eenheemesch. Hutt dir léif Nolauschterer eppes ënnerhuele mussen fir wielen ze goen? Neen, dir musst wiele goen. Dëst misst laut Maastricht dat selwecht sinn fir EU-Auslänner: keng Formalitéit, automatescht Aschreiwen an selbstverständlech och Wahlpflicht. Gewëss krut Lëtzebuerg zu Maastricht Ausnahmen zougestanen, mä ass et 19 Joer méi spéit net un der Zäit des Derogatiounen hannerun eis ze loossen?
Mir kennen natierlech weiderhin a Richtung Apartheid marschéieren, wou eng Minoritéit aus haaptsechlech eelere Leit decidéiert.
Flott wär et heiriwwer ze diskutéieren.
Dir léif anonym Kontrahenten a Reaktionären op dës Carte blanche : Schued, datt der är Argumenter net an enger ziviliséierter Diskussioun mat oppenem Viséier virbréngt!
«No taxation without representation» war de Slogan vun der amerikanescher Revolutioun. 200 Joer méi spéit ass Lëtzebuerg wäit ewech vum allgemenge Wahlrecht. Dat schéngt iwwer Sonndesrieden a symbolesch Gesten ewech, kaum een ze stéieren!
Bleift Fro firwat esou eng geréng Aschreiwungsquote vun den Auslänner op Wahllëschten? Ass den Interessi sou geréng? Si Formalitéiten sou komplizéiert? Ass d'Integratioun nees méi wäit fortgeschratt? Wéi wär d’Wahlbegeeschterung bei de Lëtzebuerger, wa keng Wahlflicht wär?
Wéini ganz Maastricht an inscription d’office op Wahllëschten?
Op dës Froen wär et flott a Rou kënnen ze diskutéieren: iergendwéi huet dat mat Zesummenhalt a Kohäsioun vun der Lëtzebuerger Gesellschaft ze dunn, oder ?
An déi couragéiert Anonym um RTL Forum matt hiere Bemierkongen.
http://news.rtl.lu/commentaire/carteblanche/102777.html
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire