Méng Interventioun am Numm vun "Solidaritéit matt den Heescherten" den 2. Februar vum Knuedler bei den Innenministär
Gudden Owend alleguer,
Am Numm vun eiser Associatioun Solidaritéit matt den Heescherten e puer Wuert.
Einfach heeschen ass net verbueden, ass net illegal, trotz Gemengereglement.
Illegal ass dat Staater allgemengt Heescheverbot.
Dat ass NET eng Saach vun Interpretatioun wéi gewësse Politiker dagaus dagan behaapten, mee eng Affaire vu glaskloren Texter.
Weder Code pénal, nach Verfassung, nach t’europäesch Mënscherechtskonventioun verbidden einfacht, passiivt Heeschen.
176 Polizeipatrullen sin laut tageblatt vun haut am Land ofgezun fir an der Stat Heescherten ze kontrolléieren !!!!!
Ass eis Festung menacéiert ?
Neen si mussen Heescherten opschreiwen, deselwechten alt e puer Mol am Dag. Am Gespréich matt Betraffenen stellt sech eraus datt Polizei an der Reegel ganz fein ass.
Stellt iech den Dilemma vu Polizist a Polizistin vir: am Gemengereglement steet all Heescherei wär verbueden, Polfer, Bauer a co priedegen den Heeschert dee roueg do setzt wär net gemënzt; et géif nëmmem öm Bandenheescherei an aggessivt Heeschen goen: béid sinn elo schons no code penal stroofbar. Iwwregens och keng Spuer vun denen groussen Limousinen déi Banden ofsetzen.
Kee stellt a Fro datt Stat Lëtzebuerg aktiv ass am soziale Beräich, mee wéi sot de Georges Ravarani, Richter um Mënscherechtshaff zu Strosbuerg am Lëtzebuerger Land : “Heeschen ass esou al wéi t’Welt . Et kann Necessitéit sinn oder e Choix. Menger Meenung einfach eng perséinlech Fräiheet. Heesche kann net generell verbuede ginn nëmme wéinst dem Confort vun deenen déi et onpassend fannen. Et ass also eng Fro vun Toleranz”.
Politik, an dësem Fall CSV an DP, setzen sech ewech iwwer Kardinol, letzebuerger Mënscherechtskommissioun, Wärtekanon vum Europarot an Charte des droits fondamentaux vun der EU.
Ganz krass wéi e Méindeg hei am Gemengerot den DP Spriecher t’Legitimitéit vun deenen Gewielten invoquéiert fir egal wat machen ze kennen a gewëssermoossen de Responsaablen vum Parquet t’Recht refuséiert sech als Expert’en ze positionéieren.
Nach si mer net am Kaczynski sengem Polen oder dem Orban sengem Ungarn, wou gewielte Parlementer Gesetzer géint EU-Bestemmongen maachen.
Dir Dammen an dir Hären aus Schefferot a Regierong, dir kennt net egal wat stemmen: Lëtzebuerger Verfassung an internationalt Recht setzen do Grenzen.
Am Jargon schwätze mer vun der Hierarchie vun den Normen : Ganz uewen Europäesch Mënscherechtskonventioun an hiren bras armé d’Menschrechtsgericht, EU charta vun de Grondrechter, Lëtzebuerger Verfassung a Gesetzer, dann eréischt Gemengereglementer déi mat den iwwergeuerdneten Normen conform mussen sinn.
Et ass eemoleg datt de Parquet esou schaarft Geschütz opféiert . Als éischten den Procureur Oswald den der Buergermeeschtesch an dem Innenminister Datzen ausdeelt,
Ech invitéieren iech all hinnen Merci zue soen
Merci Här Oswald : Merci !
dann de Procureure générale
Merci Madame Solovief: Merci !
a schliisslech den Präsident vun der Cour Supérieure de Justice .
Merci Här Hoscheid: Merci !
Net ze vergiessen t’Nohëllefstonn vum Professer fir Verfassungsrecht vun der Uni.lu
Merci Här Heuschling ! Merci !
An de vernichtenden Avis vun der letzebuerger Mënscherechtskommissioun
Merci Här Pregno : Merci !
De Rechtsstaat ass a Gefor wa kommunal an national Autoritéiten sech iwwer Gesetz, Verfassung an international Konventiounen ewech setzen .
De President vun der Cour supérieure de Justice sot um 100komma7, ech zitéieren : « Ech si frou datt Zîvilgesellschaft – dat si mir- t’Justiz beschützt. »
Här Präsident mir bleiwen um Ball!
Keen Ausverkaf vum Rechtsstaat,
Opgepasst op aner ugekënnegt Mesurë vun dëser Regierung wéi comparution immediate, Platzverweis oder Gemengenpolizei : stellt iech fir de Buergermeeschter aus der Stat oder vun Ettelbréck oder Dikrich géif Gemengepolizei op Grond vun engem illegale Gemengereglement op Heescherte lassloossen!
Dat geet net! No passaran!
Mir bleiwen um Ball !
PS Merci un eis Ennerstetzer
· Amnesty International
· FOKUS
. Gréng
· LCGB
· Lénk
· LSAP
· Médecins du Monde
· OGBL
· Passerell
· Piraten
· Stëmm vun der Strooss
D’Associatioun, “Solidaritéit mat den Heescherten”, déi dës Liichterketten organiséiert huet, , huet sech zum Zil gesat, den Heescherten moralesch a juristesch Hëllef unzebidden; bis elo hu 5 Affekot.inn.en sech beret erkläert hinne bäizestoen, wann eng geriichtlech Prozedur géing ageleet ginn. Hinnen e grouse Merci dofir.
Mir wëllen och opklären iwwer d’Mendicitéit, d’Zouhuele vun den Ongläichheeten an der Aarmutt an natierlech och hëllefen, de Rechtsstaat ze verteidegen.
Och dir kënnt eis ënnerstëtzen ; gitt Member, maacht e mail un Heescherten@gmail.com, iwwerweist eppes op eise Konto, bleift mobiliséiert !
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire