Als Student vun der Uni Letzebuerg mellen ech mech zu Wuert.
Ech weess net weens du bas, me ech sin dir dankbar wéis de mech behandels. Du léiss mech als Unisstudent kengeswegs am Stach, du wells op kee Fall datt ech egenstänneg denken an handelen. Du behandels mech wéi e Kand an wells och nach datt ech der Merci derfir soen. Jo wéi e gudde Papp gess du mir an alle menge Kollegen déi aus Letzebuerg kommen, eng gud finanziell Oennerstetzong wéi datt sech fir e reiche Pap gehe’ert. Ech verstin datts du nömmen vun Uni schwetzt , geifs du nämlech Universtitéit son hätt jiddereen verstan datt datt mat universell eppes ze din huet, datt sou eng Anstalt den Usproch huet selbststänneg an egeverantwortlech Bierger ze forme’eren. Dat wor dach awer net deng Absicht an esou versteet een och firwat et esou lang gedauert huet bis du eng Uni zu Letzebuerg geschaf hues. Ech well der aus ganzem Härzen Merci son dat’s du mir an alle Studenten vun der Uni Letzebuerg t’Entscheedong ofgeholl hues niewelaanscht en Job ze man an eppes ze verdengen. An dengem oniwertreflechem Paternalismus wärs du eis all verbidden am éischte Joer iergend en Job niewelanscht ze man an vum 2. Joer un just 10 Stonnen t’Woch. Mengem Kolleg Jamper deen zu Tre’er stude’ert e menger Frendin Rosa déi zu Metz immatricule’ert ass kanns de dat net verbidden niewt desm Studium zu Letzebuerg ze schaffen, de Weekend iwer zum Beispill , dem René – Pierre vun Villerupt, dee keng Hellef vum letzebuerger Stat kritt, kanns de et och net verbidden a Frankreich ze jobben. Dein Effort de Paternalismus sou weit ble’een ze loossen wéi et an denger Kompetenz ass muss en einfach unerkennen. Des Lescht hun ech e vun denge Bedengten, vun denge Ministeren also, he’eren daat Ganzt hätt domatt ze din dass du Papa Stat keng Erfahrongswärter an desem Gebid hues, datt dat alles Neiland ass zu Letzebuerg. Jo , me Universitéiten gett ronderom eis an den Nopeschlänner seit Jorzengten a Jorhonnerten. Soss reesen deng eminent Vertrieder dach durch t’Geographie an t’Weltgeschicht : los se mol e Stop zu Tre’er man : 20 Stonnen t’Woch dierf do e Student schaffen, an zu Metz : hei get et iwerhapt keng Begrenzong. Ech muss der son, datt ech frou sin datt ech net schaffe muss : datt ass awer kengeswegs de Fall fir all meng Kollegen vun der Uni, net ze schwetzen vun mengen Kolleginnen a Kollegen aus Afrika déi hei op der Uni sin.
Ech hun um Site vun der Regierong gesurft a festgestallt datt hei eng joint venture vun Immigratiouns-, Héichschloul – an Arbechtsministär fonktione’ert an datt déi drei Ministären do des Bestömmongen an 2 Gesetzer festneelen wellen.
Papa Staat, wéini hels de t’Studenten vun der Uni Letzebuerg fir voll ?
Serge Kollwelter Carte blanche RTL 25. Abröl 2008
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire