Le 2 décembre ma carte blanche sur la fonction publique passe sur RTL.
La voici:
Och de klengen Grand Duché ass e komplexe Stat a brauch kompetent Statsbeamten. Dierfen dat nemmen Letzebuerger sin? Eng carte blanche vum Serge Kollwelter
Lo soll dann t'Fonction publique opgemat gin fir EU auslänner. Dobei handelt et sech kengesfalls öm en Diktat aus Bréissel, me ganz einfach öm eng Verflichtong vu Letzebuerg, déi aus den Traité'en an aus der Jurisprudenz vum Europäeschen Gericht ervirgeet. Matt där Verflichtong det sech eis Regierong schwe'er. Anstatt hier nozekommen, get gewart, get op Zeit gespillt. Da kennt wat komme muss, Letzebuerg get vru Gericht geholl, gett verurteelt, dat eng éischte Ke'er 1996. Schons steet en neie Prozess an t'Haus well seit 2007 t'Europäesch Kommisioun Letzebuerg opgefuedert huet senge Verflichtongen nozekommen an t'Fonction publique opzeman: nueren nach Posten déi en direkten Ausdrock vun der puissance publique sin, därfen de Letzebuerger réserve'ert gin. Dat ass Rechtslag. Dat ass menger Menong no och eng Chance fir t'Fonction Publique, kann se dach esou önnert méi enger grousser Zuel vu Leit rekrute'eren, a méi engem groussen Potential vu Kompetenzen feschen. Den Drock vun der Kommissioun datt Letzebuerg endlech soll handelen fir mam europäeschen Recht konform ze sin hellt zou, an am Abröll dest Joer get ganz diskret en projet de loi dépose'ert. Statt op Transparenz ze spillen gouf hefteg an de Kulissen gedeessemt: Do as Rieds vu Médiatioun mat enger Gewerkschaft, do soll eng Conciliatioun stattfonnt hun: et freet en sech a wellechem Stat liewe mer. Statt europäesch Obligatiounen , déi mir mattbestemmt hun, emzesetzen gett an Hannerzemmeren gemauschelt. Ween wonnert sech do nach datt t'Leit dobaussen Flemm matt Europa kre'en well eis Politiker einfach net zu dem stin wat hier verdammten Flicht ass, nämlech gemeinsam gehollen Decisiounen heiheem ömzesetzen.
Lo schéngen mer also sou weit ze sin, en neit Gesetz wärt nextens gestemmt gin an déi Posten déi en Ausdrock vun der Statsgewalt sin wärten genau opgezielt gin, si bleiwen de Letzebuerger réserve'ert. Sprochekenntnisser sin erfuerdert, dem jeweilegen Job ugepasst.
De Statsrot huet t'Regierong drop opmierksam gemat, datt dat selwecht och muss fir Gemengebeamten gellen, t'Gesetz wärt dem dann och Rechnong dron.
Bleiwen nach 2 Bemierkongen ze man an eng Konklusioun.
Dem Regierongsprogramm no sollen och Auslänner, wann se gewielt goufen, kennen Buergermeeschter oder Scheffen gin. Vun do aus kann da wuel keen Gemengenjob méi engem Auslänner virenthal gin. Wann den hechste Posten an der Gemeng, den vum Buergermeeschter, kann vun engem Auslänner ausgefellt gin, muss och all Gemengebeamtenposten vun engem Auslänner besat kenne gin, virausgesat natierlech en huet déi néideg fachleg Kompetenzen an Sprochekenntnisser. Wann t'EUregelen och nemmen EUauslänner betröffen sou muss en dach déi offen Attitüd vum Regierongsprogramm begréissen, hei gett bei Auslänner keen Ennerscheed gemat tescht EU an net EU. Dat misst kennen de Fall sin fir de ganze Bereich Auslänner an der Fonction Publique.
Méi Transparenz an desem Dossier hätt secherlech zur Akzeptanz vun Eubestömmongen beigedron.
Carte blanche RTL 2 Dezember 2009
Serge Kollwelter
A peine le texte publié sur le site de RTL, voilà que les commentaires fusent, rares sont ceux signés, rares sont ceux qui abordent la question évoquée, on me conseille de m'expatrier en Afrique au lieu de défendre les traficants de drogue. (je passe sur des commentaires plus "directs" encore) .
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire