Bonjour - Moien au risque de vous ennuyer avec mes remarques et autres contributions sur ceci et sur cela, allons-y, plongeons dans cette réalité grand ducale ( i.e. Grand-Duché de Luxembourg), partageons et discutons- en ! Serge
vendredi 22 octobre 2010
Den neisten Auto ... ouni Rieder!
Fir t'Ouverture vun der neier Sessioun huet de Chamberspresident feierlech opgeruff sech offensiv an proaktiv mam Zesummenliewen vun Letzebuerger an Auslänner a fir t'sozial Kohäsioun anzesetzen.
Ech wëllt direkt ënnersträichen, datt Chamber hier Hausaufgab op dësem Gebidd gemat huet. Am Dezember 2008 huet se en neit Integratiounsgesetz gestemmt. E fonkelneien Auto gewëssermoossen. T' Parlament huet och dem Auto e neie an staarke Motor verpasst, den Office Luxembourgeois pour l'Accueil et l'Intégration, kuerz OLAI. Dësen Office gouf matt solide Mëttelen équipe'ert.
Dem Gesetz vun 2008 no soll en Integratiounspakt, e Fënnefjoresplang, en neien nationale Berodongsgremium an nei kommunal Gremie geschafe ginn.
Dësen neien Auto soll also vun der Regierong 4 Rieder kréi'en, 4 groussherzoglech Reglementer sollen dem neien Auto erlabe iwerhapt vun der Plaaz ze kommen.
Loosse mer mol kucke wou mer no 22 Méint matt deenen 4 Rieder dru sinn.
Rad Nummer 1 : e Contrat d'Integration fir Leit déi frësch op Lëtzebuerg komme. Des Persounen sollen esou Mëttelen kréien fir sech besser ze integréieren, zB Sproochecoursen. Rad Nummer 1 feelt nach ëmmer!
Rad Nummer 2 : e Fënnefjoresplang fir Integratioun a géint Diskriminatioun. Hei soll t'Regierong hire Wellen duerch e konkrete Programm dokumentéieren. Keng Spuer nach vum Rad Nummer 2.
Rad Nummer 3 : en neie Conseil National de l'Intégration soll den Auslänner eng Stëmm gin am gesellschaftlechen Dialog. 2 Joer lang neischt geschitt.
Rad Nummer 4 : an all Gemeng soll eng nei Integratiounskommissioun geschaf gin. Och dëst Rad ass net opzedreiwen.
Resultat: schéin Karosserie, e Motor den dréit an e Won den net vun der Plaaz kennt .... well e nach keen eenzegt Rad huet.
Fir dass kee Mëssverständnes opkënnt: et handelt sech bei dësen 4 Rieder net öm Virstellongen oder Fuerderonge vun ech weess net weem. Neen et si déi Instrumenter déi t' Chamber festgehal huet , an e Gesetz gegoss huet an erwaart datt t'Regierong se och ëmsetzt.
Vleicht kritt den Auto seng Rieder virum nexte Autofestival oder besser nach virun der Nationaler Integratiounskonferenz Mett November. Wéi all Auto kann et nemmen e Steck gin, wann 4 Rieder op den Axen sin!
Inscription à :
Publier les commentaires (Atom)
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire