Virspan:
Pensiounen soll allernextens op den Ordre de jour vun der Politik kommen, eng Geleenhet fir de Serge Kollwelter déi Fro op eng méi perséinlech Art a Weis an senger carte blanche unzegoen.
Titel:
Haut ass alles gudd, firwat u muer denken?
Bis Enn 2010 hun ech schéin brav all Mount fir t'Pensioun vu menger Mamm a villen anere Pensionären cotiséiert.
Seit Ufanks des Joers an der Pensioun sinn ass e schéint Gefill, mengen nëmmen nach dat ze man wat e wëllt, deet gutt!
Zur Zelt wou ech géint Loun geschafft hunn, hunn ech fir mein monatlecht Gehalt eng contrepartie geliwert, meng deeglech Aarbecht.
Nach sinn ech am trimestre de faveur dat den Statsbeamten zousteet, dh. ech kréien 3 Méint laang mein ganzt Gehalt, minus Iessenszoulag.
Abrëll ass eréischt den éischte Mount mat richteger Pensioun.
Ab Abrëll sin ech also op déi ugewisen déi nach schaffen, meng Fra, meng Kanner an déi 350 000 Aktiver déi haut an hei cotiséieren .
Lauschteren ech den Politiker no, brauch ech keng Angscht ze hun: t'Reserven vun de Pensiounen belafen sech op 10,5 Milliarden Euros, dat entsprécht 3,7 Joer Leeschtongen.
Nach kierzlech huet den Här Robert Kieffer opgewisen datt déi jëtzeg Situatioun sou gënschteg ass, well mer den immensen Zouwuess vun aktiver Bevölkerong hunn. Wee seet Zouwuess vun der aktiver Bevëlkerong set automatesch Zouwuess duerch Auslänner a Grenzgänger. Meng Pensioun gëtt deemno zu engem Drëttel vu lëtzebuerger Cotisant'en bezuelt, en aneren Drëttel vun Auslänner déi hei wunnen a fir de Rescht duerch Grenzgänger. Déi puer Gestalten déi zu Auslännerhetz opruffen oder op des carte blanche skandaliséiert äntwere wärten, hu jo e Mëttel an der Hand fir konsequent ze sin: fir sech an hier Elteren op 2/3 vun der Pensioun verzichten, déi 2/3 déi vun den Netlëtzebuerger Cotisant'en Dag fir Dag opbruecht gin. Et kann e kengem verbidde sech vun der Realitéit vun där e profitéiert ofzeschalten, dofir besteet déi Realitéit trotzdem. Fro ass wéilang des Realitéit einfach weidergeschriwe ka gi. Dat hei ass keng science fiction: fir déi heiteg Pensiounen all deenen auszebezuelen déi am Joer 2050 Recht drop hätten, bräichte mer dann annerhallef Millioun Cotisant'en. Dëst ass jo net onbedéngt en ustriwenswärt Ziel, et géif Zuel vun den Aarbechtsplaze matt 5 multiplizéier'eren a kaum zur Liewensqualitéit bäidroen.
Wee bei deenen Zuelen nach behaapt et wär keen Handlungsbedarf, ass wuel net zukunftsfäeg!
Serge Kollwelter,
pensionéierte Schoulmeeschter
carte blanche op RTL 28, Februar 2011
Aucun commentaire:
Enregistrer un commentaire